Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Weeër fir d'gesellschaftlech a politesch Participatioun

Fräie Mikro

Nei Weeër fir d'gesellschaftlech a politesch Participatioun

Haut de Mëtten ass an der Chamber en Debat ronderëm d'Integratioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg. Eng gutt Méiglechkeet, sech e Bild ze maache vun de Visioune vun eisen Deputéierten iwwert d'Zesummeliewen hei am Land. E Land wou 73% vun de Salariés Auslänner sinn, wou d'Hallschent vun den Awunner net Lëtzebuerger sinn, wou nëmmen 38% vun de Lëtzebuerger, déi hei gebuer sinn, zwee Elterendeeler hunn, déi och Lëtzebuerger sinn. Do stellt sech definitiv d'Fro: wien integréiert hei wien?

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

Haut Donneschdeg ass an der Chamber en Debat ronderëm d'Integratioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg. Eng gutt Méiglechkeet, sech e Bild ze maache vun de Visioune vun eisen Deputéierten iwwer d'Zesummeliewen hei am Land.

E Land, wou 73% vun de Salariés Auslänner sinn, wou d'Hallschent vun den Awunner net Lëtzebuerger sinn, wou nëmmen 38% vun de Lëtzebuerger, déi hei gebuer sinn, zwee Elterendeeler hunn, déi och Lëtzebuerger sinn. Do stellt sech definitiv d'Fro: wien integréiert hei wien?

Am Kader vun der Reform vum Gesetz vun 2008 iwwer den Accueil an d'Integratioun vun den Auslänner huet d'Familljeministerin an de leschte Méint eng breet Consultatioun an der Zivilgesellschaft an an de Gemengen duerchgefouert.

Eng 60 schrëftlech Avisen huet si krut: 34 Gemengen, 14 Vereenegungen, Syndikater oder Daachorganisatiounen ewéi och 11 Membere vum Conseil National pour Étrangers hunn der Ministesch hir Virstellunge matgedeelt. Leider hu verschidde grouss Gemengen ewéi Esch, Ettelbréck oder Dikrech, d'Gewerkschaften OGBL an CGFP net fir néideg fonnt, hir Meenung matzedeelen. Esou huet awer de Conseil Économique vun der Groussregioun säin Avis ofginn!

Politesch Visioune fir Lëtzebuerg

Doriwwer eraus animéiert d'Ministesch perséinlech eng etlech Fokusgruppen, an deene si d'Meenunge vun deene verschiddensten Acteuren unhéiert an debattéiert. Eng luewenswäert Initiativ, déi haut an der Chamber weidergefouert gëtt, wann d'Deputéiert zur wichteger Fro vun der zukünfteger Ausriichtung vum Zesummeliewen zu Lëtzebuerg Stellung bezéien.

Schued, datt d'Debaten nëmmen op Lëtzebuergesch gehalen an net iwwersat oder op Chamber TV sous-titréiert ginn. Vill Auslänner sinn un eiser nationaler Politik intresséiert: Sondagë vun der ASTI bei den auslännesche Residentë ewéi och bei de Frontalieren hunn dëst 2020 beluecht.

Mee eis Chamber bréngt et anscheinend net fäerdeg, d'Diskussiounen op d'mannst an eng zweet Sprooch ze iwwersetzen. Et gëtt een dem Gefill net lass, datt dat net erwënscht ass.

Eng Hellewull vu Meenungen an Iddien zu zentralen Themen huet d'Familljeministesch esou gesammelt: Wat bedeit Integratioun? Wat fir Mesuren misste bestoen, fir d'Zesummeliewen ze fërderen? Wat fir eng Wichtegkeet misst déi obligatoresch Integratiouns-Kommissioun an den Gemengen hunn? Wat fir eng Zesummesetzung a Missioune misst de Conseil National des Étrangers kréien?

Et geet em politesch Visioune vum Zesummeliewen an engem klenge Land mat enger enormer Villfalt vun Natiounen a kulturellen Originnen an der Bevëlkerung a mat méi ewéi 200 000 Frontalieren, déi den Aarbechtsmaart um Rullen halen.

D'Leit musse sech kënne begéinen an austauschen

Ech dreeme vun engem Lëtzebuerg, an dem d'Auslänner an d'Lëtzebuerger, d'Awunner an d'Grenzgänger d'Méiglechkeet hunn, sech am Kader vun engem Biergerkontrakt gesellschaftlech ze engagéieren, Strukturen a Fonctionnementer kënnen ze léieren, benevole Aktivitéiten unzehuelen.

E Lëtzebuerg, wou an all Quartier, all Duerf oder all Gemeng eng wierklech Wëllkommenskultur besteet, wou d'Bierger Loscht gemaach a Méiglechkeete gebuede kréien, fir sech aktiv anzebréngen, wann si dat wëllen.

Maache mer eis näischt vir. Et bestinn Tensiounen tëschent Lëtzebuerger an Auslänner, egal ob Residenten oder Frontalieren. Dofir muss dat neit Gesetz Moyennë virgesinn en e Kader schafen, fir proaktiv a repressiv géint Diskriminéierung virgoen ze kënnen. All Etüde bestätegen, datt an enger anonymmer, individualiséierter Gesellschaft, an der d'Leit sech net begéinen an austauschen, Prejugéen an Exklusiounen éischter entstinn. Lëtzebuerg kann sech mat senger Demographie a sengem Aarbechtsmäert populistesch a friemefeindlech Stëmmungen als Niewewierkung vun der ekonomescher Post-Covid-Kris net erlaben!

Wann zu Lëtzebuerg nëmmen d'Hallschent vun der Bevëlkerung sech un den Nationalwale bedeelege kann, musse mer aner Weeër fannen, déi eng ausgeglache gesellschaftlech a politesch Participatioun erméiglechen.

Wéi zum Beispill e Biergerrot, dee wéi an Ostbelgien d'Chamber beréit. Oder e permanente Conseil, gewielt vun den Auslänner wärend eise Chamberwalen, deen d'Parlament a senger politescher Aarbecht begleet.

E bësse Fantasie a politesche Courage ass scho gefuerdert, wa mer dem demokrateschen Defizit zu Lëtzebuerg entgéint wëlle wierken.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.