Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Womack & Womack - Teardrops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Ziler fir d'europäesch Kooperatiounspolitik

EU-Entwécklungspolitik

Nei Ziler fir d'europäesch Kooperatiounspolitik

D'EU definéiert nei Ziler fir d'Entwécklungspolitik. Lëtzebuerg war als eenzegt Land kritesch par Rapport zu den neie Critèren. De Kampf géint d'Aarmut géif net méi am Fokus stoen, sou d'Kritik. Och datt d'Migratioun elo als Deel vun der Kooperatiounspolitik gesi géif ginn, ass verschiddene Parteien am Europaparlament een Dar am Aen.

auto_stories

4 min

Lëtzebuerg stoung am Conseil, wou d'EU-Memberstaten hir Positioun festleeën, zimlech eleng do mat senger Kritik. Wéi den Text offiziell accordéiert gouf, huet de Kooperatiounsminister Romain Schneider net dogéint gestëmmt. Hien huet awer an enger unilateraler Deklaratioun erkläert, datt déi nei Leitlinnen net senger Politik géifen entspriechen. De Grand-Duché fuerdert, datt de Konsens a verschiddene Punkten iwwerduecht géif ginn. Et hätt ee kee Blockage gemaach, "well et soll viru goen an ënnerschriwwe gi vum Conseil a vum Parlament", seet de Romain Schneider. Hie kritiséiert awer, datt den Text eppes wier "wat zeréck geet. Virun allem well d'Ausrotte vun der Aarmut net méi am Fokus steet."

"Instrumentaliséierung vun der Entwécklungspolitik"

De Volet Migratioun spillt eng wichteg Roll am Text. Migratioun ass fir vill Entwécklungs- an Industrielänner zu engem ëmmer méi grousse Problem ginn, heescht et am Text. D'Léisung vun dësem Problem gëtt elo och d'Aufgab vun der Entwécklungspolitik. Grad dat stéisst et nëmme beim Romain Schneider op Kritik. Entwécklungs-ONGe schwätze vun enger Instrumentaliséierung vun der Entwécklungspolitik.

Des Leitlinne sinn ee Paradigmewiessel an der europäescher Entwécklungspolitik, seet d'Maria Heubuch, däitsch Europadeputéiert vun deene Gréngen (Greens- EFA). "Ech kritiséieren den Text, well e net bei der Ugankslinn vun der Entwécklungs-Zesummenaarbecht bleift. Nämlech beim Kampf géint d'Aarmut."

D'Sue fir d'Aarmut ze bekämpfe géifen ëmmer méi benotzt gi fir eegen Interessien an der Migratiouns-Ofwier duerchzesetzen, mengt d'Maria Heubuch. Entwécklungshëllef wier kee Migratiounsmanagement, seet déi gréng Europadeputéiert. Och de Romain Schneider gesäit den Lien tëscht Migratioun an Kooperatioun kritesch.Virun allem de Volet iwwer d'Re-admissioun.

Wéi vill soll an d'Entwécklungshëllef investéiert ginn?

Den Text bleift hannert deem, deen 2005 d'EU-Entwécklungshëllef definéiert huet, zeréck, seet den DP-Europadeputéierten Charel Goerens (ALDE). Zum Beispill wat d'Fuerderungen nom Volume vun der Entwécklungshëllef ugeet. Hei gëtt op en Neits widderholl, datt all Land 0,7 Prozent vu senger nationaler Wirtschaftsleeschtung soll fir d'Kooperatioun ausginn. Ouni, datt dofir verbindlech Critère festgehale ginn. Fir de Charel Goerens, dee fir d'Parlament bei de Verhandlungen dobäi war, ass dat ee Grond, net fir dësen Text ze stëmmen.

"Lo gëtt schonn en halleft Joerhonnert laang déi selwecht Method applizéiert. Ouni Resultat. Mir soen als liberal Fraktioun: Entweder gi mir eis eng Method, déi dat do ännert an déi zum Resultat féiert. Oder dir kritt net eis Zoustëmmung."

D'Parlament hat sech dofir agesat, datt d'Länner musse beleeën, wat si ënnerhuele fir op déi 0,7 Prozent ze kommen.

"Si musse bereet si sech Froe stellen ze loossen, wéi si een Objektiv erfëllen, dee si gemeinsam mat der Kommissioun an den anere 27 Memberstaate maachen. Net méi an net manner hu mir gefrot. All Kéier wou et sollt konkret ginn, hu si probéiert den Zuch ze stoppen an dat kënne mir net mat maachen."

Et wier wichteg op deene 0,7 Prozent z'insistéieren, mengt de Charel Goerens. Dorun hat och den Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn d'lescht Woch zu Bréissel erënnert. Hien huet de Verglach mat den zwee Prozent vum PIB gemaach, déi d'Länner fir d'Defense ausgi sollen.

"Kuckt emol bei den zwee Prozent fir d'NATO. Wat do Drock opgebaut gëtt. Deen Drock hunn ech nach ni bei der Entwécklungshëllef gesinn. An ech mengen, datt ee mat Entwécklungshëllef präventiv och vill méi kéint maache wéi nëmme just mat militäresche Mëttelen, fir d'Stabilitéit an de Fridden ze garantéieren."

Schwiereg Verhandlungen

Een anere kritesche Punkt am Text betrëfft d'Grondrechter. Déi mussen iwwerall do gëllen, wou d'EU aktiv ass. A si mussen och fir Minoritéite gëllen, zum Beispill fir Homosexueller. Datt dat esou am Text steet, dogéint hätt Ungarn sech mat gewëssem Succès gewiert. D'Land hätt esou laang blockéiert, bis déi aner Memberstaaten hir Reserven opginn hätten, sou de Charel Goerens.

Den Text wier u sech positiv, et dierft een net just déi negativ Punkten erauspicken, sou d'Analys vun de Sozialisten. Si verweisen drop, datt et ebe schwiereg war, sech mat de Memberlänner eens ze ginn. Dat confirméiert de Romain Schneider. Den "Europäesche Konsens", wéi den Text offiziell heescht, hätt an der Praxis eng wichteg Relevanz. Schliisslech wier et de Kader fir déi europäesch Entwécklungspolitik, mengt de Kooperatiounsminister Romain Schneider.