Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neiausriichtung vun der Arméi

Arméi

Neiausriichtung vun der Arméi

An Zukunft géif bei der Arméi méi an technesch Beräicher investéiert ginn. Dobäi misst sech och d'Fro gestallt ginn, ob een déi néideg Ressourcen dofir huet, seet de President vun der Arméigewerkschaft SPAL. Et wier schwéier, fir um Lëtzebuerger Marché dat néidegt Personal ze fannen.

auto_stories

1 min

Chrisatian Schleck

Et gëtt e Wiessel an der Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Arméi, seet de President vun der Arméigewerkschaft SPAL. De Verdeedegungsminister wëll d'Arméi méi breet opstellen. Dem Christian Schléck no wier et wichteg, datt d'Arméi net déi Beräicher opgëtt, wou se an de leschte Jore vill Kompetenz entwéckelt huet. Als Beispill nennt hien d'Reconnaissance an d'Iwwerwaachung, wou Zaldote sech bei den Asätz am Kosovo an am Afghanistan spezialiséiert hunn.

Et wier wichteg, datt d'Arméi deen Know-How bäibehält, seet de SPAL-President. Mat der neier Missioun a Litauen kéimen nei Beräicher dobäi. Ënner anerem Transport, Waasseropbereedung an de Satellitteberäich. Fir eng kleng Arméi wier et schwiereg, déi Ressourcen ze fannen.

Bis d'Joer 2020 sollen 0,6 Prozent vum PIB a Militärausgabe fléissen. "Dat bréngt scho genuch Aufgaben", seet de Christian Schleck. Den NATO-Generalsekretär fuerdert eng Participatioun vun zwee Prozent bis d'Joer 2024. Dat wieren 800 Milliounen Euro d'Joer méi an illusoresch, hat de Verdeedegungsminister Etienne Schneider gesot.