D'A- a B-Gruppen gi just op den ieweschte Klassen agefouert. Dat heescht op 4e, 3e an 2e am Enseignement Secondaire Classique, am Enseignement Secondaire General an an der Formation professionnelle. Et ass de Lycéeën iwwerlooss, wéi si déi Gruppe wëllen organiséieren. Ob d'Klasse gespléckt ginn oder ganz Klassen ofwiesselend doheem oder an der Schoul enseignéiert ginn. Zil ass, datt ëmmer just d'Hallschent vun de Schüler an der Schoul sinn. Et ass och de Lycéeën iwwerlooss, ob d'Gruppen all Dag oder all Woch wiesselen.
De Ministère ënnersträicht a sengem Schreiwes, datt d'Matière an och d'Schoulzäit déi selwecht bleift. D'Participatioun vun de Schüler un de Couren vun doheem aus ass obligatoresch.
Fir d'Formation professionnelle sollen déi praktesch Stonnen an den Atelieren oder Laboen, wa méiglech am Lycée ofgehale ginn an déi theoretesch Stonnen doheem. Do sollen déi verschidde Lycéeën, déi déi selwecht Formatiounen ubidden, sech och concertéieren, fir datt et keng ze grouss Disparitéite ginn.
Nei ass och, datt et fir de ganze Secondaire Semesteren amplaz Trimestere ginn. D'Zuel vun de Prüfungen awer bleift déi selwecht, wéi déi, déi pro Trimester virgesi war. Dat éischt Semester geet bis d'Fuesvakanz, Chrëscht-, Ouschter- a Summervakanz fänken och all Kéier réischt Freides, an net scho Mëttwochs, un.
Wéi d'1ères-Klassen organiséiert ginn, kréien d'Lycéeën vun de Regierungskommissär matgedeelt, déi sech ëm d'Ofschloss-Exame këmmeren.
Pedagogesch Visitten, Ausflich a Reesen si bis op Weideres annuléiert.