Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - Gymnopédie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Néierlag fir de Frank Schneider och virun der Cour de Cassation

OneCoin-Affär

Néierlag fir de Frank Schneider och virun der Cour de Cassation

Och déi franséisch Cour de Cassation ass der Meenung, datt de fréiere Geheimdéngscht-Mataarbechter Frank Schneider wéinst der OneCoin-Affär ka vu Frankräich un d'USA ausgeliwwert ginn. Dem Lëtzebuerger säin Asproch beim Cassatiounsgeriicht ass de Mëtteg zu Paräis verworf ginn. Dat huet d'Lydie Lorang, eng vun den Affekotinne vum Frank Schneider, eis confirméiert.

auto_stories

2 min

De Frank Schneider. Foto: WDR

D'Lydie Lorang, eng vun den Affekotinne vum Frank Schneider, huet confirméiert, datt dem Lëtzebuerger säin Asproch beim Cassatiounsgeriicht zu Paräis verworf ginn. D'Decisioun wier ganz enttäuschend fir d'Défense a generell fir Leit, déi sollen ausgeliwwert ginn.

Och de Frank Schneider, deen eng Foussfessel unhuet a säin Haus a Frankräich bis op Weideres net dierf verloossen, sot eis, d'Decisioun wier enttäuschend. Mee seng Moral géif gutt bleiwen an hie géif weider all Méiglechkeeten notzen, déi him zoustinn, fir sech géint seng Ausliwwerung ze wieren.

Wann déi franséisch Regierung d'Ausliwwerung bis ordonéiert huet, wëll de Frank Schneider virum franséische Staatsrot dogéint virgoen. Et ass dovun auszegoen, datt eréischt d'nächst Joer definitiv gekläert ass, ob de Frank Schneider, deen a Frankräich festgeholl gouf, an d'USA muss.

Am Januar dëst Joer hat schonn d'Cour d'Appel vun Nanzeg säi Recours géint d'Ausliwwerung zréckgewisen.

Reproche: Co-Auteur vu Fraude a Blanchiment

De Geschäftsmann kritt vun der US-Justiz reprochéiert, e Co-Auteur vum internationale OneCoin-Bedruch gewiescht ze sinn. Mat der virgegaukelter Kryptowärung hu weltwäit dausende Mënschen e puer Milliarden US-Dollar verluer.

De Frank Schneider hat am Juni am 100komma7-Interview zouginn, zwee Joer laang fir déi international gesicht OneCoin-Grënnerin Ruja Ignatova geschafft ze hunn, an esou mat senger Firma Sandstone bis zu fënnef Milliounen Euro verdéngt ze hunn - Sue vun deenen net ausgeschloss wier, datt se vun der Justiz kéinten als Blanchiment qualifizéiert ginn.

De Frank Schneider wëll sech eegenen Aussoen no der Justiz stellen, mee net an den USA, wou hie seng Rechter net garantéiert gesäit.