Radioen

On air

De Moien  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL: Ass ekonomesche Wuesstem zu Lëtzebuerg nach gewollt?

Neijoerschpatt

FEDIL: Ass ekonomesche Wuesstem zu Lëtzebuerg nach gewollt?

Um Dënschdegowend huet d'FEDIL op hiren Neijoerschpatt invitéiert, an et ass vill iwwer den ekonomesche Wuesstem zu Lëtzebuerg diskutéiert ginn. De Réckbléck op déi lescht Joren ass schwiereg, den Ausbléck op d'Zukunft ëmsou méi: De post-Covid-Relancement vun der Lëtzebuerger Ekonomie wier amgaangen, am Sand ze verlafen.

auto_stories

3 min

D'Michèle Detaille ass Presidentin vun der FEDIL. Foto: Ann Sophie Lindström / FEDIL

Lauschterenplay_arrow


Déi negativ Entwécklunge géife sech heefen, esou d'Warnung vun der FEDIL-Presidentin Michèle Detaille: Héich Energiekäschten, Engpäss a massiv Präishaussë bei de Matières premières, Personalmanktem a bal alle Secteuren an eng staark auslännesch Konkurrenz.

Ass wirtschaftleche Wuesstem nach gewollt?

Wa Lëtzebuerg weider wéilt kompetitiv bleiwen, bräicht d'Land eng koherent Strategie fir säi wirtschaftleche Wuesstem virunzedreiwen. Mee et kréich een ëmmer méi d'Impressioun, wéi wann dee Wuesstem - haaptsächlech wéinst den Efforte fir méi nohalteg ze ginn - net méi gewollt wier.

Esou huet d'Michèle Detaille op Diskrepanzen op engem nationalen, mee och europäeschem Niveau opmierksam gemaach:

"On ne peut pas prêcher d'un coté la relocalisation des activités industrielles, source d'une certaine autonomie stratégique ouverte de l'Europe, et en même temps pratiquer un cadre de plus en plus restrictif aux activités industrielles."

Diskussiounen och ronderëm Aarbechtszäit

D'FEDIL-Presidentin huet och déi aktuell Diskussioun iwwer d'Aarbechtszäitverkierzung kritiséiert. Esou huet d'Michèle Detaille d'Fro opgeworf, wéi ee méi Räichtum kéint generéiere wa manner geschafft gëtt an doduerch Investissementer an d'Land decouragéiert ginn:

"Comment attirer les talents dont nous avons besoin maintenant si le pays se fait connaître par ses projets de décroissance et de fortes charges fiscales?"

Et wier jidderengem säi Recht, fir eng Diskussioun iwwer eng Aarbechtszäitverkierzung ze lancéieren, sot de Premier Xavier Bettel a senger Replik. Um Enn géif de Wieler sech mat senger Stëmm fir e Modell entscheeden.

Foto: Ann Sophie Lindström / FEDIL

Selwer huet de Premier sech fir eng Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit ausgeschwat, esou wéi och scho rezent den DP-Parteipresident Lex Delles op eiser Antenne.

Méi op Nohaltegkeet setzen, esou Xavier Bettel

Wat d'Fro nom Wuesstem ubelaangt, sot de Premier datt Ekologie an Ekonomie keng Feinde wieren, an datt immens vill Potential an der nohalteger Ekonomie géif drastiechen.

Lëtzebuerg hätt sech an der Vergaangenheet en Numm gemaach am Stolsecteur, a méi rezent am "Space Mining", firwat net och am Beräich vun der Nohaltegkeet? De Premier zitéiert de Proprietär vun enger Firma, déi Solarpannoe botzt:

"Lëtz make it shine! Pourquoi pas aussi se lancer et aider des entreprises dans cette politique d'énergie verte."

Zesumme mat deene concernéierte Ministèrë misst gekuckt ginn, wéi eng Hëllefe Startuppen a Betriber am Beräich vun der grénger Energie kéinte kréien, esou nach de Xavier Bettel. Well anescht produzéiere wier scho vu muer un méiglech.