Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Covid-Gesetz: Oppositioun kritiséiert Regierungsapproche

Coronavirus

Neit Covid-Gesetz: Oppositioun kritiséiert Regierungsapproche

D'Chamber soll dëse Freideg iwwer déi nei Covid-Mesuren ofstëmmen, déi dann ee Méindeg a Kraaft trieden. De Staatsrot hat keng gréisser Awänn, an déi zoustänneg Chamberkommissioun huet keng Ännerunge um Text virgeholl. D'Oppositiounsparteie wäerten den Text muer awer alleguer net matstëmmen.

auto_stories

2 min

Net-essentiell Butteker, de Kultursecteur an d'Sportinfrastrukturen dierfen dann - ënner Oploen - nees opmaachen. D'Spärstonn gëtt vun 21 op 23 Auer owes geréckelt. Doheem bleift et bei der Limitt vun zwee Gäscht aus engem anere Stot. Caféen a Restaurante bleiwen zou.

D'Santé hat an enger wëssenschaftlecher Nott gewarnt, et wier ze fréi fir Oplockerungen.

Den LSAP-Deputéierten a Rapporter vum neie Covid-Gesetzesprojet Mars Di Bartolomeo verteidegt d'Demarche vun der blo-rout-grénger Koalitioun: D'Infektiounszuele wiere staark zeréckgaangen, an an de Spideeler hätt sech d'Situatioun verbessert.

Zum Risiko, datt d'Infektiounszuelen déi nächst Woch nees staark klammen, an d'Covid-Mesuren dann nees musse verschäerft ginn, seet de Mars Di Bartolomeo:

"Ech sinn net grad sou defaitistesch, soen Iech awer ganz kloer zu Ärer Fro, ob een nete sou éierlech ka sinn, datt een de Leit seet: wa mir dat iwwer deen heite Wee - wou villes zoubleift, wou vill reduzéiert bleift a wou villes ageschränkt bleift - wa mir dat net packen ... Jo, dann ass d'Perspektiv do, datt een nees muss zouzéien. Grad wéi elo duerch dat disziplinéiert Handelen eng Perspektiv komm ass, datt mir bëssi kënnen opmaachen."

Oppositiounsparteie stëmmen d'Gesetz net mat

D'Oppositiounsparteie stëmmen dat neit Covid-Gesetz alleguer net mat. Et wier net richtege Moment fir Lockerungen, den neien Text wier weider inkoherent an net prezis genuch.

Experte géife virun enger weiderer Well warnen, dofir wier et onvirsiichteg fir elo Lockerunge vun de Covid-Mesuren ze decidéieren, esou den CSV-Deputéierten a Member vun der Gesondheetskommissioun, Claude Wiseler. Esouguer d'Regierung géif an hirem Exposé des motifs fir dat neit Gesetz schreiwen, datt d'Situatioun momentan schwéier anzeschätze wier, dofir wieren déi geplangte Lockerungen net nozevollzéien.

Jeff Engelen: Regierung beschiedegt d'Akzeptanz vun de Reegelen

Fir d'ADR huet dat ganzt Gesetz keng Logik, esou den Deputéierte Jeff Engelen. Datt all puer Wochen d'Reegele géife geännert ginn, géif dofir Suergen, datt d'Akzeptanz vun der Populatioun fir d'Reegelen ëmmer méi géif zeréckgoen.

De Sven Clement vun der Piratepartei versteet net, firwat am Text keng fix Bestëmmunge fir d'Aarbechtsëmfeld dra stinn. Hie kritiséiert och, datt dem Educatiounsminister ze vill fräi Hand géif gelooss ginn, de Claude Meisch kéint "maache wat hie wëllt".

Och déi Lénk wäerten den neien Text net matstëmmen, e wier disproportionéiert an e géif weider keng Schutzmesurë fir d'Salariéë virgesinn.