De Landwirtschaftsminister schwätzt vun enger "klenger Iwwerraschung": Et wier net esou gaangen, wéi ee gemengt hätt. Véier Staaten hätten am Laf vun de leschte Wochen hir Meenung geännert. Doduerch koum déi néideg Majoritéit zesummen. Lëtzebuerg géif dat net gutt fannen, betount de Fernand Etgen. Et hätt een, wéi annoncéiert, dogéint gestëmmt.
Dem Minister no kéint sech a fënnef Joer déi selwecht Diskussioun iwwer Glyphosat widderhuelen. Op der anerer Säit kéint een déi Zäit notzen, fir en iwwerluechten a realistesche Phasing-Out beim Secteur ze maachen, esou den Fernand Etgen.
Eng politesch Diskussioun
Fir d'Landwirtschaft géif et elo Planungssécherheet ginn, esou d'Directrice vun der Bauerenzentral. D'Josiane Willems kritiséiert awer, datt eng ganz "emotional, ideologesch, politesch" Diskussioun gefouert gi wier. Si mengt, datt wann net Monsanto à l'origine vum Glyphosat géing stoen, da wier d'Diskussioun anescht gefouert ginn.
An deem Kontext kritiséiert d'Bauerenzentral och déi Lëtzebuerger Regierung. Déi hätt eng reng politesch Haltung ageholl, déi net op Fakte baséiere géif.
Enttäuschung
De gréngen Europa-Deputéierte Claude Turmes wonnert sech driwwer, datt en Interessevertrieder vun de Bauere soe géif, do wier kee Problem. Et misst een nëmmen an d'Kriibs-Register kucke goen, an da wéisst een, datt Baueren a Wënzer déi éischt sinn, déi um Glyphosat "futti" ginn, esou den Europa-Politiker.
Iwwert d'Entscheedung fir eng Neizouloossung vu Glyphosat weist den Europa-Deputéierte sech enttäuscht a rosen iwwert den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, dee sech un d'Interêten vu Monsanto klamere géif.
De Claude Turmes schléisst net aus, datt eng Klo vun Naturschutz-Verbänn géint eng Neizouloossung kéint agereecht ginn, op Basis vum juristeschen Avis vun Enn Oktober, deen hien an Optrag ginn hat.
De Fernand Etgen (DP) zur Neizouloossung vu Glyphosat:
Bäitrag vum Serge Kesseler: