Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nëmmen nach ee Koordinator

Esch 2022

Nëmmen nach ee Koordinator

Nodeems Esch rezent offiziell Europäesch Kulturhaaptstad 2022 gouf, soll déi entspriechend ASBL elo erneiert ginn. De Poste vun den aktuellen zwee Haaptkoordinatoren, dem Andreas Wagner an der Janina Stroetgen, soll nei ausgeschriwwe ginn. An Zukunft soll et nëmmen nach een eenzegen Haaptkoordinator ginn.



auto_stories

2 min

Datt d'Jury 21 Recommandatiounen ausgestallt hätt, géif bedeiten, datt de Projet net esou gutt wier, mengt den neien Escher DP-Schäffe Pim Knaff. D'Konkurrenzstad Kaunas hätt siwe Recommandatioune kritt, dat wier awer eng Differenz. Et géif bemängelt ginn, datt de Projet nach flou wier. Mä et wier ee jo nach net 2022, esou den DP-Politiker.

Opreegung ëm Kontrakt

Bis ewell hunn den Andreas Wagner an d'Janina Stroetgen de Projet koordinéiert. Opreegung gouf et rezent, nodeems d'Tageblatt gemellt hat, datt et kéint zu enger neier Ausschreiwung vun den zwee Poste kommen. Den DP-Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt sot dozou, datt am Bidbook festgehale gi wier, datt déi Plaze missten ausgeschriwwe ginn. Hien hätt sech awer soe gelooss, datt den Escher Schäfferot de Kontrakt ëm sechs Méint wéilt verlängeren.

Den Dan Biancalana, Buergermeeschter vun Diddeleng, ass sengersäits zefridden iwwer d'Aarbecht, déi bis ewell geleescht gouf. Den LSAP-Politiker hofft op eng weider Zesummenaarbecht. Hie géif déi sechs Méint als positiv empfannen, dat géif d'Méiglechkeet ginn, sech déi verschidde Recommandatiounen duerchzekucken. Et sollt ee weiderschaffen, och no deene sechs Méint.

An Zukunft soll et dann awer just een Haaptkoordinator ginn, esou den Dan Biancalana weider. D'Janina Stroetgen an den Andreas Wagner wollte sech hirersäits net dozou äusseren.

Neit Kontrollorgan

Niewent der Stad Esch an dem Pro Sud, wäert de Kulturministère dee gréissten Deel vum Projet finanzéieren. Deemno missten elo Statuten vun der ASBL Esch 2022 geännert ginn, esou den neien Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo. Et géifen elo verschidde Ministèren mat an d'Boot klammen. Déi erneiert ASBL soll e Kontrollorgan ginn, deen d'Sue verwalt, esou de Pim Knaff.

Den 12. Dezember soll de Conseil d'administration vun der ASBL iwwert d'Zukunft vum Projet Esch als Europäesch Kulturhaaptstad decidéieren.


Wéi geet et bei Esch 2022 weider?play_arrow