Den SPFP, an deem de SPAL vertrueden ass, hat dem Alain Duschène virgeheit, déi gewerkschaftlech Fräiheet anzeschränken, wéinst der Versetzung vum President vum SPAL Christian Schleck op en neie Posten.
An engem Mail un aner Membere vun der Arméi, deen dem radio 100,7 virläit, erklären déi demissionär Representante vum SPAL hir Decisioun domat, datt si net mat der Récktrëttsfuerderung vis-à-vis vum Alain Duschène d'Accord sinn an och net am Virfeld driwwer informéiert waren. Si soen, si hätte kee Vertraue méi an de President vum SPAL, Christian Schleck, a seng Methoden.
Pressekonferenz annoncéiert
De Statute vum SPAL no, muss de Comité aus eelef Leit bestoen. No dësen Demissioune wieren ausser dem Christian Schleck nach zwee voll Memberen am Comité vum SPAL, zwee kooptéiert Memberen an den Éierepresident Patrick Frantz. Dee seet op eis Nofro hin, en Dënschdeg, den 10. Dezember, wier moies eng Pressekonferenz op där déi ganz Wourecht op den Dësch geluecht géif ginn.
Fir de SPAL géif nach ëmmer den Ultimatum gëllen, deen d'CGFP der Regierung Ufank der Woch gestallt huet. D'Staatsbeamtegewerkschaft hat d'Regierung opgefuerdert sech bis de Méindeg, den 9. Dezember zur Liberté syndicale ze bekennen an de Christian Schleck net ze versetzen.
CGFP bleift bei hirer Positioun
D'CGFP selwer huet hiren Ultimatum an engem Communiqué nach emol bekräftegt. Si schreift awer och, dobäi sollt net de Récktrëtt vun eenzele Verantwortlechen am Virdergrond stoen.
D'CGFP mécht och dem delegéierte Verdeedegungsminister Henri Kox Virwërf. Hien hätt en Dënschden an der Chamber gesot, de Christian Schleck wier mat senger Versetzung op eng nei Plaz d'Accord gewiescht an dat esou guer schrëftlech. D'Existenz vun esou engem Dokument wier hir net bekannt, seet d'CGFP.
De Christian Schleck selwer war fir eng Reaktioun net z'erreechen.