Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maz Univerze - Hope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net all positive Fall ka retracéiert ginn

Corona-Pandemie

Net all positive Fall ka retracéiert ginn

D'Santé wier "e bëssen iwwerrascht" iwwer d'Rapiditéit, mat där d'Corona-Infektiounen nees geklomme sinn, esou de Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé. Et kéint ee pro Dag d'Kontakter vun enge 60 Leit, déi positiv getest goufen, retracéieren: dat wier vill Aarbecht, well d'Leit wéinst dem Deconfinement nees vill méi Kontakter hätten.

auto_stories

2 min

De Jean-Claude Schmit ass Direkter vun der Santé

Zu den Infektiouns-Clustere seet de Jean-Claude Schmit, et géifen och "eng ganz Rei" diffus Fäll ginn, bei deenen een net méi kéint retracéieren, wou si sech infizéiert hunn. D'Hallschent vun de 44 positive Fäll vu virgëschter hätte sech op enger Party infizéiert. Et géif do e "Grupp vu Frënn" ginn, déi vu Party zu Party zéien.

Donieft hätt et Infektiounen an engem Betrib ginn, an an enger gréisserer Famill.

Jean-Claude Schmit: "Hygiènesmesurë rappelléieren"

"D'Recommandatioune fir virsiichteg ze sinn, bestinn nach ëmmer", esou den Direkter vun der Santé. Et misst een de Leit dat elo rappelléieren: "An da gesäit een, wéi et geet".

Wann nei Obligatiounen néideg wieren, missten d'Regierung an d'Parlament dat decidéieren.

Réckendeckung vun der Santé fir den Educatiounsministère

Bei de Schüler wier de Risiko kleng fir sech unzestiechen a fir de Virus ze verbreeden, esou de Jean-Claude Schmit. Do géifen et mëttlerweil gutt Etüde ginn. Et géife wéineg Beweiser ginn, datt et Transmissiounen an de Schoule ginn. Déi positiv Fäll an de Schoule wiere vu baussen an d'Schoule komm, esou den Direkter vun der Santé.

Wat d'Masken an de Schoulen ugeet, géif et keng Obligatioun ginn eng unzedoen. Mee et kéint een de Schüler recommandéieren, Masken unzedoen, wann d'Distanz vun zwee Meter net kann agehale ginn. Déi generell Recommandatioun géif nach ëmmer gëllen.

Large Scale Testing: Net op ee Chiffer "fixéieren"

Iwwer de Large Scale Testing seet de Direkter vun der Santé, d'Leit wiere wéinst dem Uklamme vun den Infektioune lo vläicht méi motivéiert fir sech testen ze loossen. D'Campagne leeft den aktuelle Pläng no Enn Juli aus.

Och duerno bräicht ee vill Tester, esou de Jean-Claude Schmit. Hie wëllt sech awer net op de Chiffer vun 100.000 Tester d'Woch "fixéieren", esou wéi dat am Ufank nach annoncéiert gi war. D'Capacitéite wieren do, vläicht misst een déi elo eropfueren.