Groussherzoglechen Haff "Net alles wat an der Zeitung stoung war zu 100 Prozent richteg"

De Grand-Duc reagéiert op Berichter ronderëm Konflikter mam Personal um Haff. D'Informatiounen an engem rezenten Artikel vun der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land wieren net komplett richteg. De Staatschef seet awer net, wat falsch soll gewiescht sinn.

Rick Mertens / jod

Grand-Duc
De Grand-Duc Henri bei senger Visitt a Lettland. (Maison du Grand-Duc / Sophie Margue)

D'Reaktioun vum Grand-Duc Henri


De Grand-Duc Henri seet, et géif "kee gréissere Problem" ronderëm den Ëmgank mam Personal am Palais ginn, an seng Relatioune mam Premier Xavier Bettel géife lafe "wéi normal".

De Staatschef huet domat haut eng éischte Kéier op en Artikel aus dem Lëtzebuerger Land reagéiert: D'Wochenzeitung hat virun engem Mount gemellt, de Premier Xavier Bettel hätt dem Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc en "Ultimatum" gestallt fir d'Personalsituatioun am Palais an d'Réi ze bréngen.

Et wär awer net alles wat an dem Artikel gestanen hätt "zu honnert Prozent richteg", an et wäre "vill Spekulatioune" dra gemaach ginn, esou de Grand-Duc haut um Bord vu senger Staatsvisitt a Lettland.

"Vill Spekulatiounen"

Ass also schonn ee Bilan an der Saach gezu ginn? Op déi Fro huet de Groussherzog um Bord vu senger Staatsvisitt a Lettland esou geäntwert:

"Ech gesinn de Premierminister reegelméisseg a mir schwätzen iwwer alles. An ech mengen, do ass wierklech kee gréissere Problem. Wat do am Land stoung ass och net 100 Prozent richteg. Do sinn och vill Spekulatioune gemaach ginn. An ech géif soen, datt déi Relatioun mat der Regierung leeft et wéi normal. An dat ass exzellent esou."

Wéi eng Informatioun aus dem Artikel net gestëmmt huet, huet de Grand-Duc op Nofro hin net präziséiert. Hien huet just betount, datt wann een eng Institutioun, wéi den Haff nei géif opstellen, da missten "Adaptatioune" gemaach ginn, an dat wier am Gaang ze geschéien.


Update: An enger éischter Versioun vum Artikel hate mer fälschlecherweis geschriwwen, de Premier hätt dem Grand-Duc en Ultimatum gestallt. D'Lëtzebuerger Land hat awer gemellt, den Ultimatum wier un den Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc formuléiert ginn.

Méi zum Thema

De Grand-Duc a Lettland SIP Jean-Christophe Verhaegen
Offiziell Staatsvisitt

De Grand-Duc ass am Moment op offizieller Staatsvisitt a Lettland. Firwat reest de Grand-Duc grad elo a Lettland, ee Land, wat eng direkt Grenz mat Russland huet. Dës an aner Froe beäntwert de Rick Mertens.

(de g. à dr.) Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État ; S.A.R. le Grand-Duc ; S.M. le roi des Belges
Personalsituatioun um Haff

De Premier Xavier Bettel huet duerch eng Interventioun beim Haff d'Entloossung vum Cabinetschef vum Grand-Duc bis op Weideres erëm réckgängeg gemaach. Déi Nouvelle vu Reporter.lu krut den 100komma7 vu gutt informéierte Sourcë confirméiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen