Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Buckley - Last Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net esou, datt ech op engem A blann wär"

Sozialdialog

"Net esou, datt ech op engem A blann wär"

Den neien LSAP-Aarbechts- a Sportsminister Dan Kersch verstoppt net, datt hien dem OGBL-President André Roeltgen perséinlech nosteet. Trotzdem wier hien net ëmmer an allem mat de Gewerkschaften averstanen. Och d'Argumenter vun de Patrone kéint hie verstoen. A Riicht eraus huet de Minister iwwer geplangte Reformen am Aarbechtsrecht, säi politesche Parcours an d'Wahlresultater vun der LSAP geschwat.

auto_stories

5 min

Et stinn an dëser Legislatur eng Rei Reformen un, wou ee Kompromëss tëschent de Sozialpartner soll fonnt ginn. Datt hien als laangjäregen OGBL-Member a perséinleche Frënd vum OGBL-President André Roeltgen am Verdacht kéint stoen, engem Acteur méi nozelauschtere wéi deenen aneren, kommentéiert den Dan Kersch esou:

"Ech wäert ni sou Politik maachen, datt ech meng perséinlech Frëndschafte wäert vernoléissegen. Nieft de perséinleche Frëndschafte ginn et a verschiddene Froen awer heiansdo divergent Vuen. An op der anerer Säit hunn d'Patronen, mengen ech a kierzter Zäit gemierkt, datt ee mat mir ka schwätzen. Ech sinn absolut net zou fir eng Rei Argumenter, déi vu Patronatssäit kënnt. Et ass also net esou, datt ech op engem A blann wär."

Sozialwahlen: "Al Bekanntes"

D'Campagne am Virfeld vun de Sozialwahle vum 12. Mäerz huet fir den Aarbechtsminister keng nei Themen op d'Tapéit bruecht. Dat meescht wier scho bekannt a léich zum Deel schonn op sengem Dësch.

Ee konkreten Enjeu vun de Wahle stellt sech fir d'Bankegewerkschaft Aleba, déi riskéiert an hirem Grupp an der CSL d'Majoritéit ze verléieren. An deem Fall wier d'Gesetz a sengen Ae kloer, seet de Minister: Déi sektoriell Representativitéit an deemno d'Recht Kollektivverträg ze ënnerschreiwe wiere reng un de Seuil vun de 50 Prozent geknäppt.

Congé parental, Ouvertureszäiten a Mindestloun

Zu verschiddene Mesuren aus dem Regierungsprogramm, déi den Aarbechtsressort concernéieren, huet den Dan Kersch op Nofro hin dës Präzisioune ginn:

  • D'Verhandlunge mat de Sozialpartner iwwer een erweiderte Congé parental géife "mat Sécherheet" nach daueren. De Comité permanent de l'Emploi et du Travail géif hei wahrscheinlech eng "méi grouss Wichtegkeet" kréien
  • D'Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce géif net bedeiten, datt ee kéint "egal wat maachen". Ideal wier ee Kollektivvertrag fir de Secteur, mee dat allgemengt Aarbechtsrecht géif deen néidege Kader setzen.
  • D'Hausse vum Mindestloun ëm 100 Euro netto géif net "all d'Problemer léisen". De Minister huet awer och ze verstoe ginn, datt hei vill méi an der blo-rout-grénger Koalitioun schwéier ze maache wier. Et géif awer nach aner Schrauwen, wéi d'Logementspräisser an d'Sozialtransferte ginn.

ITM: Méi Inspekteren, via d'Arméi

D'Gewerbeinspektioun steet dacks an der Kritik, als ineffikass an schwéierfälleg Verwaltung. Eng Reform huet dem Dan Kersch säi Virgänger, den LSAP-Aarbechtsminister Nicolas Schmit schonn op den Instanzewee geschéckt.

Fir datt d'ITM de Problem vum Personalmanktem an de Grëff kritt, plangt den neien Aarbechtsminister eng Nobesserung vum Gesetzesprojet. Zousätzlech zu den aktuell 21 Inspekteren, déi notamment fir d'Kontrolle vun de Betriber zoustänneg sinn, wieren der den Ament 16 an der Formatioun. Mee dat geet dem Dan Kersch no net duer.

Dowéinst soll eng zousätzlech Kontrollinstanz geschafe ginn, wou Leit schaffen, déi d'Grondausbildung bei der Arméi ofgeschloss hunn, also an der Carrière ënner den Inspektere leien. Dës Leit géifen déi manner opwändeg Aufgabe iwwerhuele wéi d'Kontrollen op de Baustellen. All Joer kéinten op déi Manéier eng zéng Persoune vun der ITM rekrutéiert ginn.

LSAP proposéiert EU-Kommissär(in)

Bei den Europawahlen 2014 krut d'LSAP nëmme méi 12 Prozent vun de Stëmmen. Datt d'Sozialisten hire leschte Sëtz am Europaparlament bei den Europawahle vum 26. Mee 2019 kéinte verléieren, schléisst den Dan Kersch aus.

De Minister verweist op de Regierungsprogramm: D'Hausse vum Mindestloun an déi kloer Bekenntnisser zum Index an dem Rentenniveau misst a sengen Aen den Ofwäertstrend vun der LSAP stoppen.

Egal wéi d'Sozialiste bei den Europawahlen ofschneiden, hätt d'LSAP an der Regierung déi kloer Zouso, datt si den nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär dierft proposéieren. Am Prinzip soll dat den Nicolas Schmit sinn. Mee et kéint sinn, datt den nächsten EU-Kommissiounspresident eng weiblech Kandidatin fuerdert. Da géif d'LSAP deem Rechnung droen, esou den Dan Kersch.

Steierpolitik: Net vill Spillraum

Den neien LSAP-Parteipresident Franz Fayot huet dofir plaidéiert, datt Lëtzebuerg d'Ofschafe vum Unanimitéitscritère a Steierfroen op EU-Niveau net blockéiert. Den DP-Finanzminister Pierre Gramegna huet sech bis elo géint dës Propos vun der EU-Kommissioun gestallt, well dat géif bedeiten, datt Lëtzebuerg an der europäescher Steierpolitik staark un Afloss verléiert.

Dem Dan Kersch fält et schwéier, däitlech Positioun ze bezéien: Haaptsaach wier, datt een an der Steierpolitik virukéim, an datt zum Beispill d'Betriber genuch Steiere bezuelen. D'Ofschafe vun der Unanimitéit hätt de Risiko, datt duerno Länner sech duerchsetzen, déi d'Steiere wéilten erofsetzen.

Dem Franz Fayot seng Fuerderung no Ännerunge bei der Verméigenssteier fir Privatpersounen, der Ierfschaftssteier an direkter Linn an der Kapitalbesteierung kommentéiert den Dan Kersch esou: "Ech halen dat an dëser Koalitioun fir ganz schwéier."

D'Reform vun der Grondsteier misst eng progressiv Besteierung erméiglechen. Et wier awer kloer, datt bei der Grondsteier an der Koalitioun "net jiddwereen déi nämmlecht Meenung huet".

Spëtzekandidatur: "Keen Thema"

Wien als nächste Spëtzekandidat oder als nächst Spëtzekandidatin a Fro kënnt, wëllt den Dan Kersch net diskutéieren. Dofir wier et nach ze fréi: "D'LSAP huet elo mol endlech de Staffelbengel ofgi vun de perséinlechen Diskussiounen un d'CSV. Déi soll dee roueg elo nach bëssi behalen a mir konzentréieren eis op eis Aarbecht."

Zur Fro, ob hie selwer un enger Spëtzekandidatur interesséiert ass, seet den Dan Kersch: "Ech schléissen zu dësem Moment iwwerhaapt näischt aus. Ech soen awer och net, ech wier Kandidat fir iergendeppes ze ginn. Et ass keen Thema."

Et gëtt awer och kee Bekenntnis vum Dan Kersch, datt den Etienne Schneider, LSAP-Spëtzekandidat bei de leschten a virleschte Wahlen, nees een Usproch op déi Roll sollt hunn.