Radioen

On air

De Weekend  |  Andrea Fornari - Stormy Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net genuch grénge Stroum am System"

Energiertransitioun

"Net genuch grénge Stroum am System"

Et kéint een haut net vu jiddwerengem verlaangen, grénge Stroum ze kafen, well et wier net genuch grénge Stroum am System, esou de Claude Seywert, CEO vum Lëtzebuerger Energiekonzern Encevo. Den nationale Klima- an Energieplang géif hie begréissen. Encevo géif sech als Haaptacteur gesinn, fir de Plang ëmzesetzen. Fir den Ausbau vun der Wand- a Solarenergie misst awer ënner anerem vill an d'Reseauen investéiert ginn. An Encevo misst sech och un ee méi dezentraliséierten Energiesystem upassen.

auto_stories

7 min

Och d'Präisser fir Stroum a Gas sinn zu Lëtzebuerg niddreg am Verglach mat aneren europäesche Länner. De Grond dofir wieren niddreg Reseauskäschten, anerersäits wieren d'Taxe relativ gënschteg, esou de Claude Seywert. Op déi Taxen an Zukunft klamme wäerten, wéisst hien den Ament net, dat wier eng politesch Decisioun.

Déi rezent Hausse vum Stroumpräis (plus zéng Prozent am Januar am Verglach zum Joer virdrun) féiert de Claude Seywert ënner anerem op d'Netzkäschten zeréck. De Netzbedreiwer Creos géif all Joer 100 Milliounen Euro an den Ausbau vum Reseau investéieren. Och de Stroumpräis, deen op de Boursse gehandelt gëtt, wier an de leschten dräi Joer geklommen.

"Gréngen" an "däischter grénge" Stroum

Lëtzebuerg importéiert ronn 86 Prozent vum Stroum a Gas. D'Privatleit kënnen haut nëmmen nach grénge Stroum kafen. Am Gesamtmix vum Stroumverbrauch zu Lëtzebuerg géif grénge Stroum haut 55 Prozent ausmaachen, sou eng Statistik vum Regulateur ILR.

Dësen Ökostroum gëtt awer meeschtens net hei am Land, an och net regional, an der Groussregioun, produzéiert, mee iergendwou an Europa. Fir déi Produktioun keeft de Fournisseur Enovos Certificaten, parallel zum Stroum, deen en akeeft.

Wéinst de Käschte vun de Certificate kënnt op dee Stroum en Opschlag, an de Produit gëtt als grénge Stroum verkaf. Vill vun deene Certificate keeft Enovos zum Beispill a skandinavesche Länner.

De Claude Seywert schwätzt och vun "däischter gréngem Stroum". Do géif garantéiert ginn, datt de Stroum direkt vun enger Anlag bei e Client kënnt. Dee wier awer méi deier a géif zum Beispill benotzt ginn op den "Chargy" Borne fir elektresch Autoen opzelueden.

Google kritt keen extra Reseau gebaut

Creos plangt weider héich Investitioune fir d'Stroumnetz auszebauen. Sou wuel hei am Land, fir d'Wandkraaft aus dem Norde vum Land bis an de Süden ze transportéieren, zum Beispill, a fir den Uschloss an d'Ausland, besonnesch d'Connectioun mat Däitschland.

Den Ausbau vum Netz wier néideg, well d'Spëtzten, bei der Stroumconsommatioun, ëmmer méi héich ginn, an de Reseau misst dat kënnen decken, sou de Claude Seywert. Et wier net d'Quantitéit vum gesamte Stroumverbrauch déi klamme géif (déi géif plus au moins stagnéieren), mee d'Intensitéit, dat heescht, d'Zäiten, wou besonnesch vill Stroum gebraucht gëtt (am Wanter zum Beispill).

Wa Google den Datenzenter Projet zu Biissen realiséiert (wat nach net sécher ass), klëmmt de Pic an de Stroumverbrauch. "Déi éischt zwou Phase vum Google Projet kann dat aktuellt Netz nach decken, mee fir déi drëtt Phas geet et net duer", sou de Claude Seywert.

Et wier awer souwisou scho geplangt, de Reseau auszebauen. De Google Datenzenter géif dorun net vill änneren. Et wier just esou, datt, wa Google kënnt, de Pic am Reseau zwee bis dräi Joer éischter kéint erreecht ginn. Den Ausbau vum Netz géif duerch Google also acceleréiert ginn. Dofir géifen och elo schonn déi technesch Etüde gemaach ginn.

Zéngmol méi Solarenergie, dräimol méi Wandenergie

Am nationalen Energie- a Klimaplang ass virgesinn, den Undeel vun erneierbaren Energien, déi hei am Land produzéiert ginn, vun elo knapp eelef Prozent op 25 Prozent bis 2030 ze héijen. D'Stroumleeschtung aus der Solarenergie soll an de nächsten zéng Joer verzéngfacht, an déi aus der Wandenergie, verdräifacht ginn, preziséiert de Claude Seywert.

Parallel dozou ginn d'Netzer ausgebaut a méi "gescheit" organiséiert, duerch d'Digitaliséierung. Et wier nämlech problematesch, fir d'Energie aus der Photovoltaik a Wandmillen ze späicheren, sou datt se genee dann, wann ee se brauch, disponibel ass (fir d'Spëtzten ze decken).

Wann zum Beispill, bis 2030, wéi geschat gëtt, 240.000 elektresch Autoen zu Lëtzebuerg ugemellt wieren, misst e kucken, wéi een d'Oplueden organiséiere kann. Et kéint problematesch sinn, wann déi Autoen all owes, no der Aarbecht, oder nuets, opgeluede ginn, well grad deen Ament net vill Sonn ass, erkläert de Claude Seywert.

Smart Girds - Intelligent Reseauen

An de leschte Joren huet Creos iwwerall zu Lëtzebuerg bei de Leit doheem sougenannten smart (intelligent) Compteuren installéiert. Am Stroum ass dat zu 95 Prozent geschitt, am Gas solle bis d'Enn vun dësem Joer 90 Prozent installéiert sinn.

Déi intelligent Compteuren hätten engersäits Virdeeler fir d'Konsumenten - hir Compteure kënne vu baussen ofgelies ginn. An, seet nach de Claude Seywert, d'Cliente géifen an den nächste Méint och hir Donnéeën zur Verfügung gestallt kréien. Si kriten do prezis Daten iwwer hiren Energieverbrauch, dee si dann och besser steiere kéinten, am Sënn vu méi Energieeffizienz.

Den Netzbedreiwer kritt doduerch eng méi detailléiert Siicht, och fir ze bestëmmen, op wéi enge Plazen an zu wéi engen Zäiten, Energieverbrauch-Spëtzte kommen, fir déi méi geziilt kënnen ze geréieren.

Déi intelligent Compteure géifen de Fournisseuren et och erméiglechen, nei Servicer unzebidden. Déi Compteure wieren dofir e wichtege Bausteen, eng Grondlag, vun der Energietransitioun, betount nach de Claude Seywert.

Dezentraliséiert Energiesystemer

An Zukunft wäerten d'Leit selwer ëmmer méi zu sougenannten Prosumers ginn, dat heescht, et wäerten ëmmer méi Leit, oder Gemeinschafte vu Leit, selwer Stroum produzéieren, duerch Photovoltaik-Anlagen um Dach vun Haiser an anere Gebaier.

Dat géif aktiv encouragéiert ginn, an dofir géifen och d'Aspeistariffer fir dee Stroum weider klammen, sou de Generaldirekter vun Encevo.

Doduerch ännert och d'Roll vun Enovos a Creos, déi an Zukunft, nieft der Energieliwwerung an der Netz-Gestioun, och ëmmer méi Berodungs- an Installatiounsservicer ubidde fir zum Beispill Photovoltaikanlagen ze installéieren. Dat ass och de Grond, fir wat Encevo 2018 d'Firma Paul Wagner & Fils iwwerholl huet.

Dëse Beräich, vun der Berodung an Hëllef, Enovos Services, ass haut dat drëtt Standbee vum Grupp, an et schaffen iwwer 530 Mataarbechter do.

Et wier iwwregens haut och scho méiglech als privat Persoun autonom ze funktionéieren, dat heescht, eegene Stroum ze produzéieren an direkt bei sech doheem ze verbrauchen. Allerdéngs wier dat nach deier, well een, wann een dee selwer-produzéierte Stroum selwer verbraucht, net vun den Aspeistariffer ka profitéieren, déi ee kritt, wann een de Stroum an de Reseau weidergëtt.

Eraus aus de fossillen Energien

Den Energie- a Klimaplang huet als Zil, méi séier wéi bis elo aus de fossillen Energien - Pëtrol, Kuel a Gas - erauszeklammen. Beim Gas stinn awer nach vill Froen op, wéi séier dat ka goen, sou de Claude Seywert.

Encevo verkeeft haut méi Gas wéi Stroum, an et stellt sech d'Fro, a wéi wäit, an a wéi enger Zäitspan, de Konzern op d'Geschäft mam Gas ka verzichten. Besonnesch bei der Industrie spillt Gas fir d'Energie-Versuergung nach eng grouss Roll.

De CEO vun Encevo betount, de Gas wier wuel eng fossil Energie, mee manner "knaschteg" wéi Pëtrol a Kuel a misst als Iwwergangsléisung an der Energietransitioun ugesi ginn.

Do misst nach un enger méi konkreter Strategie geschafft ginn. Et kéint een net vun haut op muer aus de fossillen Energien erausklammen. Dofir wieren, bis elo, Kuelen- an Atomkraaftwierker nach ëmmer noutwendeg.

Mir kënnen haut net vu jidderengem verlaangen, datt e grénge Stroum akeeft, well am System ass net genuch grénge Stroum.

Encevo: 75 Prozent an ëffentlecher, 25 Prozent a chinesescher Hand

De Grupp Encevo ass zu 75 Prozent an ëffentlecher Hand. De Rescht (24,92 Prozent) gehéiert zum gréissten Deel, an zanter 2018, dem chinesesche staatlechen Energiekonzern China Southern Power Grid International.

Datt e chineseschen Aktionär bei Encevo erageklommen ass, huet fir Diskussioune gesuergt. Aner EU Länner, wéi Däitschland, hu sech aktiv dofir agesat, datt bei hinne keng chinesesch Firma e Fouss an d'Dier vu wichtegen Infrastrukture kéint kréien. Mam Argument, et wier geféierlech, wa China esou Infrastrukture kéint kontrolléieren.

Déi Angscht wier bei Encevo net berechtegt, fënnt de Claude Seywert. Well de Grupp zu dräi Véierels an ëffentlecher Hand wier, an d'Fro vun ze vill Kontroll vu China sech réng rechneresch net stelle géif.

D'Zesummenaarbecht mam chineseschen Aktionär wier bis elo positiv verlaf. Een Avantage wier, datt Encevo vum Know-How an de Kontakter vun hirem industriellen Aktionär profitéiere kéint an a China kéint kucke goen, wéi do zum Beispill Communautéite fir eng dezentraliséiert Energieproduktioun gereegelt ginn.

Eng Rees a China wier och geplangt, mee wéinst der Coronavirus-Epidemie wier elo kee gudden Zäitpunkt, esou nach de Generaldirekter vun Encevo, de Claude Seywert.