Et wier richteg, datt an der Partei méi misst diskutéiert ginn. Dofir wär elo en Diskussiounsforum aberuff ginn. Hie géing sech awer wonneren, datt d'Leit sech an esou Foren net ëmmer géingen zu Wuert mellen. Zéng Sozialisten, dorënner véier Deputéiert, haten an engem oppene Bréif méi Matbestëmmung gefuerdert.
"Net vill revolutionär Gedanken"
Et géing hien iwwerraschen, datt sech déi véier Deputéiert (Taina Bofferding, Tess Burton, Claudia Dall'Agnol, Franz Fayot) ënnert de Signatairen, an den LSAP-Fraktiounssëtzungen, déi eemol d'Woch fir zwou Stonnen zesummekënnt, net vill zu Wuert géinge mellen. Et géing vun hinnen net vill revolutionär Gedanken an deene Sëtzunge kommen. Et wär schonn eng speziell Situatioun, datt Deputéiert en oppene Bréif schreiwen, géint déi aner néng LSAP-Deputéiert, ouni, datt déi eppes doriwwer woussten. Dat wier net gutt gewiescht, seet de Roger Negri. Gläichzäiteg gëtt hien de Kritiker awer Rescht, datt d'LSAP an Zukunft, falls si an eng Regierung kënnt, Ministèrë mat sozialem Profil fir sech soll afuerderen. Beispill: Logement, Schoul, Kultur a Famill.
En Marche-Beweegung keng Optioun
Den Etienne Schneider géing eng gutt Aarbecht fir d'Land maachen. Et dierft een net vergiessen, datt de Sozialstaat finanzéiert gëtt duerch de gudde Wuesstem an eng gutt Ekonomie. Den Etienne Schneider hat an engem Interview gesot, hie kéint sech eng Fusioun vun de Parteie lénks vun der Mëtt virstellen an eng Beweegung wéi En marche a Frankräich. Déi Ausso wär aus dem Kontext gerappt an onglécklech gewiescht, seet de Roger Negri.