Radioen

On air

De Moien  |  Halo Maud - My Desire Is Pure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net laang ëm de Bräi schwätzen"

Fichier Central

"Net laang ëm de Bräi schwätzen"

Déi lescht Woche gouf et vill Polemik iwwer Datebanke vun der Police a vun der Justiz. Rieds goung vun Intransparenz a geheime Police-Fichieren. Och no enger laanger Reunioun dës Woch an der Chamber gouf behaapt, et wier nach villes onkloer. D'Ministere Braz a Bausch, souwéi de Police-Generaldirekter an d'Procureure générale stoungen den Deputéiert Ried an Äntwert. D'Manéier, wéi d'ëffentlech Debatt mat ville Spekulatioune geféiert gëtt, bréngt dem Dateschutz an dem Schutz vun der Privatsphär séier wéineg. Eng Chronik vum Jean-Claude Franck.

auto_stories

6 min

Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck. Foto: Archiv

Et ass de fréieren RTL-Chefredakter Guy Kaiser, deen de Sujet op eng räisseresch Manéier lancéiert huet. Dee Mann, deen um Héichpunkt vun der SREL-Affär dem fréiere Justizminister Luc Frieden virun zimlech genee sechs Joer an engem Interview Bonne Chance fir e Mësstrauensvott an der Chamber gewënscht huet, huet an der Pensioun zimlech vill Erfolleg mam Internetblog Guykaiser.lu.

Do kann hien Informatioune lancéieren, déi him zougespillt ginn. Elo, wou et kee Feierkrop méi gëtt, an deem Beamten a soss Insider anonym kënne bësse stëppelen, schéngt de Guy Kaiser zum neie Kanal ze gi fir séier an effikass Informatiounen ënner d'Leit ze bréngen.

Deontologie muss respektéiert ginn

Dat ass gutt fir d'Demokratie, wann et net just drëms geet fir mat Hallefwourechte Stëmmung ze maachen. Problematesch ass et, wann eng politesch Agenda dohannert stécht. A virun allem ass et problematesch, wa mat Spekulatiounen an dubiéise Quelle geschafft gëtt. Et schwätzt fir sech, datt de Blog reegelméisseg offensichtlech op e fréiere Srel-Agent erafält, deen zanter Jore probéiert seng Raibergeschichten ënner d'Leit ze brénge fir vu senger eegener Responsabilitéit an der Geheimdéngscht-Affär ofzelenken.

De Guy Kaiser hat als RTL-Chefredakter wéineg mat der Srel-Affär ze dinn. Elo, an der Pensioun, schreift hien, d'Srel-Affär wier opgebauscht ginn, et wier net vill méi wéi e politesche Putsch gewiescht. Hien diskreditéiert domat och d'Aarbecht vu sengen eegene Reporter an der RTL-Redaktioun.

Et geet net just drëms Stëmmung ze maachen

"Lëtzebuerg a KGB-Zäiten?", huet de Guy Kaiser den 18. Abrëll op sengem Blog geschriwwen. Genee sou wéi den Titel eng räisseresch Fro ass, stellt den Auteur och a sengem Artikel virun allem Froe ronderëm e Bierger, deen an engem Recrutementsgespréich beim Procureur mat Informatiounen iwwer fréier Enquêtë géint seng Persoun confrontéiert gouf. An de Guy Kaiser freet: "Sollt et da stëmmen, wat ech an dësem Kontext ze liese krut, da wier et gravissime!". Och an der Pensioun an op engem private Blog sollt e Journalist sech un d'Deontologie vu sengem fréiere Beruff erënneren an net just Stëmmung maachen.

RTL geet dann hin a léisst de Gaston Vogel, dee selwechten Affekot, deen och reegelméisseg op Guykaiser.lu zu Éiere kënnt, an de Mikro jäizen, amplaz sech fir d'éischt e Bild vun der Situatioun ze maachen. D'CSV stellt vill parlamentaresch Froen, schwätzt vun Intransparenz a seet, si géif sech net gi bis déi komplett Transparenz geschafe wier.

E puer Feststellungen

  • Et war vum 18. Abrëll dëst Joer un dokumentéiert, datt d'Police eng Datebank huet, mee datt zanter op d'mannst zwee Joer an där Datebank net nom Numm vum virdru genannte Bierger gesicht gouf. De Guy Kaiser huet e Bréif un de Maître Gaston Vogel publizéiert, an deem de Policedirekter seet, datt et Logfichiere ginn, dat heescht, datt all Recherche an der Datebank gespäichert gëtt fir kënne spéider ze kucken, wie wéini no wéi engen Informatioune gesicht huet. Et hätt also kënne fréi ugeholl ginn, datt d'Informatioune mat grousser Wahrscheinlechkeet net géifen aus der Datebank vun der Police kommen.
  • Datt de Parquet eng eegen Datebank muss hunn, konnt een och fréi unhuelen. All Rapport iwwer penal Enquête geet un de Parquet. An do ginn déi Dokumenter jo net an d'Poubelle geheit. (Mir hunn der Justizspriecherin d'Fro viru puer Deeg gestallt, wéi dann d'Datebank vum Parquet gereegelt wier a sinn drop verwise ginn, datt d'Procureure générale géif an der Chamberkommissioun Explikatiounen dozou ginn. Tatsächlech konnt de Procureur beim Astellungsgespréich op déi eegen Datebank zeréckgräifen a war guer net op d'Datebank vun der Police ugewisen.)
  • Datt d'Police eng Datebank huet mat de Procès-Verbauxen a Rapporte vu lafende penalen Enquêten, ass legitim. Datt e Polizist am Kader vun enger Enquête kann drop zeréckgräifen, och. Wat gëtt dach ëmmer gejaut, wann en Terrorist de Sécherheetsservicer bekannt war, et awer verpasst gouf fir d'Persoun an den internen Datebanken ze iwwerpréiwen.
  • D'Press huet et verpasst, fir sech vun Ufank u fir d'Datebank u sech ze interesséieren. Fir d'Envergure vun esou enger Affär kënnen anzeschätzen, muss ee fir d'éischt verstoen, ëm wat et geet. Wéi eng Informatioune stinn iwwerhaapt dran? Um Enn ass et d'Datebank vun de penalen Enquêten, ëm déi et hei geet. Et geet also ëm Enquêten, vun deenen déi potentiell Täter meeschtens wëssen, datt et se gëtt, anescht wéi am Geheimdéngscht, wou fréier iwwer "Jenni a Menni" Fichen ugeluecht goufen, ouni datt et e konkrete Verdacht konnt ginn. Et gëtt null Grënn fir vu geheime Casieren ze schwätzen a vun enger méi grousser Gravitéit, wéi an der Srel-Affär.
  • D'Kommunikatioun vun de Ministere Bausch a Braz ass katastrophal an net nozevollzéien. Déi zwee hunn et verpasst fir sou séier wéi méiglech all néideg Informatioune public ze maachen. Hätte si fréi gesot, wéi de Parquet an d'Police hir Rapporten informatesch ofspäicheren, wien alles Zougrëff drop huet, datt all Zougrëff kéint kontrolléiert ginn, well alles gelogged gëtt, an datt ee just no potentiellen Täter, déi vun Enquêtë betraff sinn, ka sichen an net no "Jenni a Menni", da wier fréi vill Loft eraus gewiescht an et wier manner Raum gi fir wëll Spekulatiounen.
  • D'CSV hätt besser sech zeréckzehalen. De Fichier Central ass zanter 2005 informatiséiert. Policeminister war deemools ... de Luc Frieden (CSV). Justizminister ... de selwechte Luc Frieden.

Datebanke musse präzis gereegelt sinn!

Et ass gutt, datt iwwer d'Datebanke vu Police a Justiz diskutéiert gëtt. Mee den eigentleche Sujet geréit aus dem Fokus. Déi wichteg an zentral Kritik ass nämlech just déi, datt d'RegierungEN (an der Mehrzahl) an d'Chamber et scho méi dacks verpasst hunn, fir den Dateschutz a Schutz vun der Privatsphär eescht ze huelen.

An dësem Fall vu sensibelen a wäitreechenden Informatioune muss onbedéngt gekläert ginn, ob esou Datebanken iwwerhaapt néideg sinn. A wa se fir néideg gehale ginn, muss an engem eegene Gesetz (an net an engem Reglement Grand-Ducal) gereegelt ginn:

  • wat an déi Datebanke vun der Police a vum Parquet kënnt
  • wien drop kann zeréckgräifen
  • fir wéi eng Geleeënheeten een dierf drop zeréckgräifen
  • wéi d'Kontroll intern an extern assuréiert gëtt fir Abusen ze verhënneren
  • wéi laang déi jeeweileg Informatiounen dierfen ofgeruff ginn

Do brauch een net méi laang ronderëm de Bräi ze schwätzen.

Privatsphär gëtt net eescht geholl

Allerdéngs huet d'Parlament et an der Affär Chamberleaks jo an den éischte Wochen och wéineg interesséiert fir erauszefannen, wisou d'Privatsphär vu verschiddene Bierger mat Féiss getrëppelt gouf, an nach méi frappant a krass ass déi Attitüd beim neie Staatstrojaner vum Geheimdéngscht op d'Tapéit komm.

D'Reform vum Srel-Gesetz vun 2016 - eng Reform, déi jo eigentlech vill Opmierksamkeet hätt misse kréien no den Dysfonctionnementer ënner dem Gesetz vu virdrun - huet et fäerdeg bruecht dem Srel d'Asetze vu Spionage-Software ze erlaben, ouni fir esou eng intrusiv Mesure am Detail a ganz präzis ze reegelen.

Den CSV-Deputéierte Gilles Roth war den eenzege vu senger Fraktioun, deen dat deemools kritiséiert huet an hien huet och gemengt, d'Gesetz misst eng Kéier nogebessert ginn. Mee och dat ass scho laang nees vergiess, och bei der CSV, déi sech elo zu Defenseur vun de Grondrechter wëllt opspillen.