Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Beach Fossils - Run To The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net-Lëtzebuerger fir Lëtzebuerger Politik interesséieren"

Politesch Bedeelegung

"Net-Lëtzebuerger fir Lëtzebuerger Politik interesséieren"

Auslänner déi zanter laangem zu Lëtzebuerg liewen, wieren ze dacks nach staark an hiren eegene Länner implizéiert, amplaz hei am Land. Dat seet déi nei Presidentin vun CSV International, d'Daniela Clara Moraru.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

play_arrow
Daniela Moraru

Hirer Meenung no misst iergendwann de Moment kommen, wou ee sech och do politesch interesséiert, wou ee schafft, seng Steiere bezilt a seng Kanner an d'Schoul ginn, sou déi gebierteg Rumänin. Si wëllt sech an deem Sënn un der Spëtzt vun CSV International dofir asetzen, datt méi Net-Lëtzebuerger sech fir d'Gemengewahlen opstellen. Och bei den Europawahle wier et fir Auslänner vun Interessi fir déi Lëtzebuerger Lëschten ze stëmmen, sou nach d'Daniela Clara Moraru. Ob si selwer CSV-Kandidatin am Mee dëst Joer wäert sinn, wier nach net decidéiert.

Erneierung vun der CSV

D'Resultat vun hirer Partei bei de Wahlen am Oktober war fir si eng Enttäuschung, seet d'Daniela Clara Moraru. Mee si gesäit awer och eng Chance. Et hätt een doduerch elo d'Méiglechkeet d'CSV ze erneieren, de Leadership vun de verschiddene Sektiounen ze änneren. Et misst een optimistesch bleiwen, mee d'CSV kéint vill Valeuren zur Gesellschaft bäidroen.

Verständnis fir Resultat vum Referendum 2015

E gewësse Mangel un Interessi ass hirer Meenung no och ee Grond fir den Echec vum Referendum iwwer d'Auslännerwahlrecht am Joer 2015. Si hätt d'Resultat vum Referendum komme gesinn, och well en net gutt preparéiert gewiescht wier. Si kéint awer och gutt verstoen, wa Lëtzebuerger géife soen: "Firwat sollen Net-Lëtzebuerger kënne bei de Chamberwahle mat decidéieren, wa sech souwisou nëmmen zéng Prozent fir d'Gemengewahlen ageschriwwen hunn?".