arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net méi riets an net méi lénks wéi an der Zäit"

Chamberwahlen 2018

|
reading time

2 min

"Net méi riets an net méi lénks wéi an der Zäit"

Fir de Robert Mehlen ass et net onméiglech, datt d'ADR no den nächste Wahle mat siwe Sëtz nees esou staark ass, wéi se eemol war. De Robert Mehlen trëtt de 14. Oktober erëm am Bezierk Osten un. Hien deelt d'Analys net, datt d'Partei, fir déi hie vun 1989 bis 2009 ouni Ënnerbriechung an der Chamber souz, an de leschte Jore méi no riets geréckelt wär.

reading time

2 min

De Robert Mehlen hält eng Koalitioun mat der CSV fir méiglech, och wann de Claude Wiseler déi Optioun ausgeschloss hätt. Op deem Punkt stéing d'CSV net geschlossen hanner hirem Spëtzekandidat. Et géif vill ënner den Deputéierte geschwat ginn, an d'Stëmmung ënner der CSV-Fraktioun géif net dat reflektéieren, wat de Claude Wiseler gesot hätt: "Dat heescht, datt do scho bei enger ganzer Partie eng Bereetschaft, souguer eng positiv Astellung, ass, fir mat eis zesummenzegoen."

D'ADR géif "haut net méi riets an net méi lénks wéi an der Zäit" stoen, seet de Robert Mehlen, och wa sech d'Schwéierpunkter an hirer Politik geännert hätten. Am Wahlprogramm géif een awer näischt erausliese kënnen, wat d'ADR an de rietsen Eck kéint drécken.

Kritik um Wahlsystem an Edukatiounspolitik

De Robert Mehlen kritiséiert och de Wahlsystem zu Lëtzebuerg: Am Oste géifen et 31.000 Wieler ginn, am Zentrum 62.000. Den Zentrum hätt also duebel souvill Wieler awer dräimol méi Mandater. Fir de Robert Mehlen e Verstouss géint de Prinzip "Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi". D'Stëmm vum Wieler am Oste wär manner wäert, wéi déi vum Wieler am Zentrum. "Wann et dann net anescht geet, da musse mir am Osten eng Kéier zu e puer Leit de geriichtleche Wee aschloen, sou schwéier, wéi dat och ass."

Weider kritiséiert de Robert Mehlen d'Edukatiounspolitik: "Vun engem gudden Enseignement hänkt d'Zukunft vun dësem Land of" - d'Zuel vun de Jonken, déi ouni Ofschloss vun der Schoul kommen, wier an de leschte 15 Joer vu 1.200 op 1.700 geklommen. Fir de Robert Mehlen géif dat wahrscheinlech mam séiere Wuesstem zesummenhänken, datt een am Enseignement net méi nokéim, deen Defi richteg ze meeschteren.

Wallissenaffär: "Et war eng schwéier Zäit"

De Robert Mehlen hat an den 90er Joren ënnerstallt, ouni et awer beweisen ze kënnen, d'Bauerenzentral hätt sech d'Gonscht vun der CSV kaaft. Den Deputéierte Mehlen war doropshin laang geschleeft, kritiséiert an attackéiert ginn. Et wier eng schwéier Zäit gewiescht, wou de Robert Mehlen "richteg gelidden" hätt.

Datt d'Chamber eng Enquêtëkommissioun an d'Liewe geruff hätt, erkläert hie sech doduerch, datt déi ganz Affär virun de Wahle war. "Dat war e Schauprozess, deen do gemaach ginn ass, deen der Chamber net würdeg war."

De Robert Mehlen war vun 1989 bis 2009 ouni Ënnerbriechung Deputéierten an der Chamber. 2009 gouf hien, deemools als ADR-Parteipresident, net méi erëmgewielt. Och seng Kandidatur bei de Wahle vun 2013 hat kee Succès. Dëse 14. Oktober trëtt hien nees eemol am Bezierk Osten un.