De President vun der Landwirtschaftskammer kritiséiert, datt déi Gréng ze vill e groussen Afloss op d'Agrarpolitik vun der Regierung hätten. Hie géif sech wënschen, datt an anere Beräicher grad esou vill gréng Akzenter gesat ginn, wéi an der Landwirtschaft.
Alles wat sech ëm Nohaltegkeet dréit, géif d'Landwirtschaft genee sou interesséieren, wéi aner Deeler vun der Gesellschaft. An der grénger Partei wier d'Landwirtschaft traditionell manner verankert, wéi a konservative Parteien oder a liberale Parteien.
De Guy Feyder bedauert, datt d'Landwirtschaft dacks géif zum Sënnebock gemaach ginn. Wann ee sech déi grouss Themen a Saachen Environnement, Klimawandel, de Réckgang vun der Aartevillfalt, de Waasser- an de Buedemschutz géif ukucken, da géif ee mierken, "datt d'Landwirtschaft ëmmer erëm als dee Secteur ugesi gëtt, deen an der Bringschuld steet fir dat do alles an d'Rei ze kréien. Dobäi sinn dat jo alles Auswierkungen, déi vun der Gesellschaft insgesamt ausginn." Aner wirtschaftlech Secteure wiere grad esou an der Bringschuld wéi d'Landwirtschaft, wann et drëms geet d'Natur ze schützen, sou de Guy Feyder.