Hie kéint sech eng Duebelspëtzt an der Redaktioun vum Tageblatt virstellen, esou den Nico Clement. Den aktuellen zweete Chefredakter vum Tageblatt, Dhiraj Sabharwal kéint dat och an Zukunft bleiwen. De Jean-Lou Siweck hätt fräi Hand vum Verwaltungsrot fir gudde Journalismus ze maachen. Et wier e bewosste Choix gewiescht fir e Journalist un d'Spëtzt vum Grupp ze setzen an net e Manager.
De Jean-Lou Siweck géif och déi néideg Fräiheete vum Editpress-Verwaltungrot accordéiert kréien. Allgemeng géif déi geschriwwe Press virun enger Rei vun ongeléiste Froe stoen, seet de Nico Clement. Misst ee beispillsweis eng net recherchéiert Informatioun, zwou Minutten éischter wéi d'Konkurrenz eraus ze ginn? Et misst ee sech och d'Fro stellen, zu wéi engem Moment d'Informatiounen ugebuede ginn a wéi ee sech un d'Liewensgewunnechte vun der Leit misst upassen. Et misst ee sech och d'Fro stellen, wéi déi méi jonk Generatioune mat der Zeitung géifen ëmgoen, wéi eng Erwaardunge si un d'Medium hunn.
Keng Amëschung an déi redaktionnell Linn
Äntwerten an Impulser op déi Froen erwaart de Nico Clement sech vum Jean-Lou Siweck, Déi Impulser géifen dann am Verwaltungsrot diskutéiert ginn, "mee et ass net de Verwaltungsrot dee seet, hei mir hätte gär".
Et wier eng glécklech Opportunitéit gewiescht, datt de Jean-Lou Siweck de richtege Moment disponibel war. D'Lëtzebuerger Wort wier mam Depart vum Jean-Lou Siweck erëm manner oppe ginn, "wat net heescht, datt d'Zeitung virdrun net oppe war". D'Entscheedung vun Editpress wier genee géigendeeleg ze gesinn. D'Tageblatt soll nees méi fir de Lieser schreiwen a Problemer vu verschiddene Säite beliichten, sou de Nico Clement.