Radioen

On air

Notturno  |  Helena Deland - Claudion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit: "D'Ukrain huet grouss Fortschrëtter gemaach"

EU-Ukrain-Sommet

Nicolas Schmit: "D'Ukrain huet grouss Fortschrëtter gemaach"

Den Nicolas Schmit war ee vun de 15 EU-Kommissären, déi zesumme mat der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an d'Ukrain gereest sinn. D'Land huet trotz Krich a verschiddene Beräicher grouss Schrëtt no vir gemaach, sou den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales.

auto_stories

3 min

Den Nicolas Schmit um EU-Ukrain-Sommet zu Kiew. (Foto: European Union, 2023)

Lauschtert den Interview mam Nicolas Schmit heiplay_arrow


D'Equipe vun de 15 Kommissären hat sech schonn e Mëttwoch Owend op de Wee gemaach. Mam Fliger a Polen an dono zéng Stonne mam Zuch duerch d'Ukrain bis op Kiew. Nach ni war de Collège vun der Kommissioun an engem Krisegebitt, sot zu Kiew d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen. Eng ongewéinlech Rees jo, an awer och net, seet den Nicolas Schmit am 100Komma7-Interview.

"Et gesäit een eigentlech eng Stad, wou dat normaalt Liewen einfach weider geet"

Am Mëttelpunkt vun den Entrevuen stoung ee Sujet: de Bäitrëtt vun der Ukrain an d'Europäesch Unioun. An de Gespréicher hätt sech engersäits d'Determinatioun vun der Regierung, dee Wee ze goen, däitlech gewisen, sou den Nicolas Schmit.

Ukrain ass um Wee fir an d'EU

D'Land hätt awer och a verschiddene Beräicher wichteg Schrëtt no vir gemaach, zum Beispill am Kampf géint d'Korruptioun.

"Praktesch all Woch gi Fäll opgedeckt an och poursuivéiert, och wat déi institutionell Reform ubelaangt, d'Juridictioun, d'Cour Consitutionnelle - do mécht d'Ukrain ganz wichteg Schrëtt no vir."

Et wier ze fréi fir ze soen, a wéi vill Joer sech een EU-Bäitrëtt kéint realiséieren. An et wier "schwiereg", datt sech dee Bäitrëtt realiséiert, sou laang de Krich nach am gaangen ass.

Zäitpunkt vum Bäitrëtt nach ongewëss

"Et ass e bësse fréi fir ze soen, datt d'Ukrain an X Joer an d'EU kënnt. Mee dee Wee dohin ass kloer tracéiert. An dat heiten ass méi ewéi jee ee Wee, deen eng extrem politesch Dimensioun huet."

Fir d'Eskalatioun vum Krich wier eenzeg an eleng Russland responsabel. D'Ukrain bräicht elo "all d'Waffen, déi et erlaben, éischtens dee Krich ze gewannen, an zweetens net daueren ze loossen".

"Déi Eskalatioun kënnt net vun der Ukrain, si kënnt och net vun deene westleche Staaten, déi der Ukrain Waffe liwweren. Déi eenzeg, déi dëse Krich eskaléieren sinn d'Aggresseuren. Wann een dee Krich wëll schnell op en Enn bréngen, da muss een der Ukrain déi Mëttele ginn, déi d'Land brauch fir sech ze verdeedegen a fir déi Territoiren zeréckzegewannen, déi Russland géint all international Reegele besat huet."

Rees mat staarkem Symbolcharakter

But vun der Rees war et virun allem, de Leit an der Ukrain "ee staarkt Signal ze ginn a kloer ze weisen, datt d'Ukrain zu Europa gehéiert".

Réckbléckend misst hien awer soen, datt déi Rees "och ganz produktiv" war, sou de fréieren Aarbechtsminister.

"Well mir eng ganz Rei Froe gekläert hunn, fir zu engem bessere Verständnis ze kommen, doriwwer wat wierklech momentan an der Ukrain passéiert an ze gesinn, wou genee d'EU an de nächste Joer ënnerstëtzend handele muss."

Den Nicolas Schmit hat virun allem Gespréicher mat Vertrieder aus dem Wirtschafts- an Aarbechtsministère. Um soziale Plang wieren eng ganz Partie Reformen néideg, fir sech den europäesche Standarden unzepassen. Bei den Entrevuë goung et och ëm konkret Projeten, wéi zum Beispill d'Ënnerstëtzung vun der EU fir Jonker mat Behënnerungen, sou nach den EU-Kommissär.

Lauschtert de Bäitrag heiplay_arrow