Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit - EU-Kommissär fir "jobs"

Nei EU-Kommissioun steet

Nicolas Schmit - EU-Kommissär fir "jobs"

Déi gewielten EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet hier Equipe fir déi nächst fënnef Joer virgestallt. Den Nicolas Schmit soll fir de Volet Beschäftegung a Soziales zoustänneg ginn. De fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister reagéiert zefridden.

auto_stories

2 min

Nicolas Schmit

"Ech sinn zefridden an ech hat mir dat och erwaart". Dat ass d'Reaktioun vum Nicolas Schmit.

Säi Portefeuille géif deem entspriechen, wat d'Ursula von der Leyen him an engem vun de Gespréicher, déi hie mat hir hat, gesot huet.

Den Nicolas Schmit krut haut, wéi all déi aner Kommissären, seng Lettre de mission, an där seng Tâche méi genee beschriwwen ass. "Ech si frou doriwwer, wéi de Portefeuille beschriwwen ass", seet den Nicolas Schmit. Besonnesch de Saz, datt et drëm geet, "déi sozial Dimensioun vun Europa ze stäerken", géif him gefalen. "Dat ass d'Missioun fir déi nächst fënnef Joer. Dës Kommissioun wäert eng sozial Kommissioun sinn", sou seng Iwwerzeegung.

De Portefeuille vun der aktueller Kommissärin Marianne Thyssen an deem Ressort dréit den Titel: "Beschäftegung, Soziales, Qualifikatioun a Mobilitéit vun de Salariéeën". Elo heescht e just nach "Jobs" oder "Emploi".

Dat géif awer keen "Downgrade" fir dee Ressort bedeiten. An der Lettre de mission wieren all déi Beräicher, déi bis elo zum Portefeuille gehéiert hunn, ernimmt, erkläert den Nicolas Schmit. Hie gesäit sech an der Kontinuitéit vun der Aarbecht vun der Marianne Thyssen, déi den Ament europäesch Kommissärin fir Soziales ass. "Dat fänkt u mam Pilier vun de soziale Rechter, mat engem Aktiounsplang fir d'Prinzipie vun der Sozialpolitik ëmzesetzen. An zum Portefeuille gehéieren och d'Kompetenze vun de Leit, dat ass ee vun den zentrale Voleten", sou den Nicolas Schmit.


D'Danièle Weber am Gespréich mam Nicolas Schmit:

Lauschterenplay_arrow