An engem Communiqué argumentéiert d'ADR, datt de Roy Reding ongeféier d'Hallschent vun de Chamberssëtzunge gefeelt huet. Effektiv war hien nëmme">nëmmen bei 64 Prozent vun de Sëtzunge">Sëtzungen present.
"Et gouf mir reprochéiert, ech wier net esou oft an der Chamber gewiescht, wou ech ëmmer geäntwert hunn: wann ech an der Chamber sinn an ech hunn eppes ze soen, da soen ech et."
Den Alex Penning kritiséiert dem Roy Reding säi feelenden Engagement
Am Communiqué confirméiert d'ADR, datt de Roy Reding mat grousser Warscheinlechkeet net fir Zentrumslëscht zeréckbehale gi wier. Trotzdeem wier nach net definitiv decidéiert ginn, de Roy Reding net méi mat op d'Lëscht fir d'Chamberwalen ze huelen, sou den Alex Penning.
"Et ass awer esou, datt dem Här Reding awer scho gesot gouf, an dat net eréischt an de leschten Deeg, mee scho säit laangem, datt mir mat verschiddene Saachen net d'accord sinn. Seng Manque de présencen a säi Manktem un Engagement bei eis an der Partei."
Roy Reding: Mat anere Parteien am Gespréich
Weider fuerdert d'ADR de Roy Reding dozou op, als Deputéierten ze demissionéieren, fir datt den zweetgewielten Alex Penning noréckele kann. Dat huet de Roy Reding awer net wëlles.
"De Moment setzen ech an der Chamber als onofhängegen Deputéierten, nodeems ech dem Chamberpresident haut matgedeelt hunn, datt ech net méi zur sensibilité politique adr gehéieren. An ob ech mech dann enger anerer Partei oder engem anere Grupp affiliéieren, dat steet nach an de Stären."
Hie wier awer scho mat anere Parteien am Gespréich. Mat wéi engen, wollt hien awer nach net preziséieren. Just, datt et net Déi Gréng sinn. Wien elo am Zentrum Spëtzekandidat fir d'ADR gëtt ass nach net gewosst, de Roy Reding geet awer dovun aus, datt et den Tom Weidig gëtt, dee Gemengeconseiller an der Stad ass.