Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Budgets-Sträit: Unis-Recteur demissionéiert

Rainer Klump

No Budgets-Sträit: Unis-Recteur demissionéiert

De Chaos ronderëm d’Opstelle vun de Joresbudgete vun der Uni Lëtzebuerg kritt Konsequenzen. De Rainer Klump, Recteur vun der Uni Lëtzebuerg zënter 2015, huet säi Récktrëtt annoncéiert.

auto_stories

2 min

Hannergrond sinn 100,7-Informatiounen no eescht Tensiounen. Vum Conseil de Gouvernance krut de Rainer Klump eng Vertriederin vun der Berodungsfirma McKinsey zur Säit gestallt fir de Budgetschaos op der Uni an de Grëff ze kréien. An der Wochenzeitung "d'Lëtzebuerger Land" gouf dat als Entmueschtung vum Recteur beschriwwen.

Da soe gutt informéiert Sourcen, datt aner Responsabeler vun der Uni.lu an de leschte Woche refuséiert hunn nach weider mam Rainer Klump zesummen ze schaffen. De Virworf: Schlechte Management a Chaos ronderëm d’Opstelle vun de Joresbudgetë vun der Lëtzebuerger Universitéit. Well déi geplangten Ausgaben iwwert dem eigentleche Budget louchen, muss d’Uni.lu par rapport zu fréiere Pläng spueren. Dowéinst gëtt et den Ament Ongewëssheet op der Uni.

Um Héichpunkt vum Konflikt an de leschte Woche war de Rainer Klump während méi Woche krankgeschriwwen.

Marc Hansen "respektéiert d'Decisioun"

De Rainer Klump hat eisen Informatiounen no d’lescht Woch an des Woch zwou Entrevuë mam delegéierten Héichschoulminister Marc Hansen (DP). Am Owes-Panorama um radio 100,7 sot de Marc Hansen no der annoncéierter Demissioun, hie géif d'Decisioun "respektéieren".

De Marc Hansen (DP) am Gespréich mam Serge Kesselerplay_arrow

An den offizielle Communiquéë vun der Uni Lëtzebuerg an dem Héischschoulministère gëtt den Depart vum Recteur net weider begrënnt. D’Uni schreift just, de Rainer Klump wéilt seng Carrière baussent Lëtzebuerg reorientéieren.