Radioen

On air

Al Schanken  |  Stephen Bruton - Make That Call

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No de Wahlen ass virun de Wahlen

Fräie Mikro

No de Wahlen ass virun de Wahlen

No de Wahle vum 8. Oktober bilde sech no a no déi zukünfteg Schäfferéit, déi an den nächste sechs Joer d'Geschécker an den jeeweilege Gemenge leede wäerten. Dat leeft awer heiansdo net ouni Problem iwwer d'Bühn.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

De Wieler huet virun engem Mount säi Wuert gesprach, an d'Resultater vun de Gemengewahle stellen déi gewielte Kandidaten elo virun eng nei Verantwortung. Och wann an enger ganzer Rei vu Gemengen déi Frëschgewielte sech séier eens waren, sinn an anere Lokalitéite schwiereg Koalitiounsverhandlunge gefouert ginn.

Souwuel an de Majorz- wéi och an den Proporzgemenge sinn déi beschtgewielte Kandidaten net automatesch um Buergermeeschterstull gelant. An eenzelen Uertschaften huet zum Beispill deen Éischtklasséierte gemengt, hie wier der Saach net gewuess an huet dem Nächstgewielten deemno d'Plaz fräigemaach.

An anere Fäll huet sech aus de Verhandlungen eng Koalitioun erausgeschielt, déi net onbedéngt am Aklang mam Wahlresultat steet, mä éischter der Sympathiearithmetik vun de Kandidaten oder de Parteien entsprécht.

Et gëtt kee Wielerwëllen

Dat huet munchmol zu gewësse Frustratioune gefouert, a souguer den Inneminister op de Plang geruff: Hien huet sech Gedanke gemaach, ob an Zukunft d'Verhandlungen no de Wahlen net an engem méi reglementéierte Kader stattfanne sollen. Dee Virstouss koum ëmsou méi iwwerraschend, well seng Partei bei de leschte Parlamentswahlen déi arithmetesch Reiefolleg selwer net respektéiert huet an déi Partei, déi deemools am meeschte Stëmmen krut, ouni laang ze zécken, ëmgaangen ass.

Vill gëtt an deem Zesummenhang vum Wielerwëlle geschwat. Mä wat versteet een do drënner? Eise System ass esou opgebaut, datt déi Parteien, déi zesummen eng Majoritéit vun de Sëtzer erreechen, eng Regierung oder e Schäfferot bilde kënnen. Vun deem Moment un huet de Wieler keen Afloss méi, sou datt dat Argument vum Respekt vum Wielerwëllen nodréiglech hifälleg ass.

D'Parteien hunn hir éischt Analyse vun den Gemengewahlen gemaach. D'CSV huet d'LSAP an der Gesamtzuel vun den Mandater vun der éischter Plaz verdrängt, d'DP konnt hir Haaptbastioune verdeedegen an déi Gréng hu sech insgesamt um selwechten Niveau konsolidéiert. Déi méi kleng Parteien hu relativ wéineg oder iwwerhaapt net progresséiert, wat op eng relativ Stabilitéit vun der Wahllandschaft hindeit.

Pressiounsgruppen a Medie laude Chamberwahlkampf an

Et muss een awer virsiichteg sinn, datt een déi lokal Gegebenheeten net ze vill no engem nationale Muster interpretéiert. D'Parlamentswahle vum kommende Joer weisen nach ganz aner Enjeuen op, an d'Wahlarithmetik ass och net déi nämmlecht. Direkt nom 8. Oktober huet schonn déi nächst Wahlcampagne ugefaangen. Eng ganz Rei Acteure versichen elo schonn, Drock op d'Majoritéits- an d'Oppositiounsparteien auszeüben, andeems si hir Revendicatioune mat Nodrock formuléieren. D'Gewerkschaften si schonn äifreg domat beschäftegt, a versiche ganz fréi, hiren Afloss op d'Wahlcampagne auszeüben. Aner Pressiounsgruppe wäerten hinnen deemnächst nogoen.

Och déi verschidde Medien wäerten hir politesch Preferenzen no an no méi oder manner däitlech affichéieren. Wat ee méi no un de 14. Oktober réckele wäert, wat d'Kommentaren ëmmer méi tendenziéis wäerte ginn, Et ass awer ze hoffen, datt d'Fake News, déi am Ausland Héichkonjunktur hunn, sech bei eis an der Wahlcampagne net nidderschloen. Mir liewen nämlech an enger Zäit, wou d'Genauegkeet vun den Fakten uerg maltraitéiert gëtt, wou d'Kommunikatioun mat vill Gedeessems déi faktuell Informatioun op d'Säit dréckt.

Fir d'Kandidaten heescht dat, datt si sech ëmmer méi mat den Emotioune vun den Leit beschäftege mussen. Gutt iwwerluechten Argumenter, déi eng komplex Realitéit beschreiwen, geroden esou an den Hannergrond. Domat huet keen eppes gewonnen: De Problem fänkt dann eréischt un, wann déi gewielte Kandidaten un d'Muecht kommen, a sech mat där Komplexitéit auserneesetze mussen.