Een nom aneren halen dëser Deeg europäesch Kommissären zu Bréissel Pressekonferenzen of, fir ze illustréieren, datt d'EU beschtens op de Fall vun engem No-Deal preparéiert ass. Geet Groussbritannien ouni Accord aus der EU eraus, misste vun engem Dag op deen aneren, also vläicht scho vum nächste Samschdeg un, Grenzkontrollen duerchgeféiert ginn.
Kontrolle "méiglechst wäit vun der Grenz ewech"
Déi concernéiert EU-Länner hunn déi entspriechend Precautioune geholl, sot déi lescht Woch den EU-Finanzkommissär Pierre Moscovici. Hie schwätzt vun engem kolossalen Effort, deen déi national Douannen an enger Rekordzäit fäerdeg bruecht hunn. Mee wat geschitt dann am Fall vun engem No-Deal op der Grenz tëschent Irland an Nordirland? Déi Fro bleift an all de Presentatioune vun den EU-Kommissären op.
Eng haart Grenz, also eng mat Kontrollen, soll do verhënnert ginn, sou de Pierre Moscovici. "Et wäert Kontrolle ginn, do féiert kee Wee derlaanscht. Mir schaffen enk mat den Autoritéiten zesummen, fir se esou ze organiséieren, datt se am mannste stéieren, an datt se esou wäit wéi méiglech ewech vun der Grenz stattfannen."
Op d'Fro, wéi dat konkret fir d'Liewensmëttel wäert oflafen, déi iwwer déi Grenz transportéiert ginn, gëtt de Vizepresident vun der Kommissioun Jyrki Katainen Wuert fir Wuert déi selwecht Äntwert.
Verlängerung vum Brexit éischter wahrscheinlech
Ongewëssheet gëtt et och an der Fëscherei. Am Fall vun engem No-Deal mussen EU-Schëffer britescht Waasser verloossen an ëmgedréit. Gëllt dat och fir iresch Fëscher? D'Äntwert ass och hei alles anescht wéi kloer.
"Et gouf doriwwer diskutéiert, a mir musse gesinn, wéi eng Mesuren an deem Fall ugewannt ginn", seet den EU-Kommissär fir d'Ëmwelt a Fëscherei, de Karmenu Vella.
Och den EU-Kommissär fir d'Landwirtschaft, den Ir Phil Hogan weess net genee, wat mat de Bauere geschitt, déi tëschent Irland an Nordirland ënnerwee sinn.
"De Good Friday Agreement erlaabt keng haart Grenz", seet hien a verweist op Aussoe vun EU-Staats- a Regierungscheffen, datt ee sech dorun hale wäert. Si hätten ugekënnegt, "datt do ee Plang gemaach gëtt fir déi logistesch a praktesch Schwieregkeeten aus dem Wee ze raumen", esou de Phil Hogan.
Nëmmen e puer Deeg virum Brexit kléngt dat net no engem ganz konkrete Plang. Vläicht ass dat jo een Hiweis dorop, datt eng Verlängerung vum Brexit awer éischter probabel ass.
Dat Land, dat sech am meeschten dogéint gewiert huet, war bis elo Frankräich. "Wa mir net verstinn, firwat Groussbritannien eng Verlängerung ufreet, kënne mir keng positiv Äntwert ginn", sot nach e Freideg de franséische Finanzminister Bruno Lemaire.
Ee Veto vu franséischer Säit awer gëtt allgemeng net als wahrscheinlech ugesinn. Haut ass déi britesch Premierministerin Theresa May zu Berlin an zu Paräis, fir een Dag virum Spezialsommet vu muer, de Bols ze fillen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.