D'Kënschtlerin Liane Mathes Rabbath wunnt zanter 1991 zu Beirut mat hirer Famill, am Quartier vun Ashrafieh, ganz no um Hafen. De Mëttwoch, wéi et geknuppt huet, huet si net direkt realiséiert wat geschitt ass. De Schued zu Beirut ass grouss: geschate 50 Prozent vu Beirut hunn eppes vun der Explosioun ofkritt. Eng enorm Opbauaarbecht ass néideg, an engem Land, dat duerch Korruptioun an eng Ekonomie déi agebrach ass scho laang kee Vertraue méi huet an de System, seet d'Liane Mathes Rabbath. International Hëllef dierft just un d'ONGe goen.