Impfdrängler No Imfung vum Henri Grethen: D'Hospices Civiles entschëllege sech

D'Direktioun vun den Hospices civils an hire President Henri Grethen hu sech den Dënschdeg de Mëtteg an engem Schreiwes dofir entschëllegt, datt den Henri Grethen sech ze fréi impfe gelooss huet.

jga / cz

Corona-Impfung
Foto: Bigstock

Et hätt een zu kengem Moment wëllen engem en Impfstoff ewech huelen oder géint Consignë vun der Santé verstoussen. Bis elo hätt een och alles gemaach fir wärend der Pandemie déi vulnerabel Persounen ze schützen.

D'Denonciatioun vu sougenannten "Impfdränlger" déi de Sven Clement beim Parquet agereecht huet ass iwwerdeems ukomm, dat seet de Justizspriecher op Nofro hin. Wéi mer confirméiert kruten huet de Parquet och eng enquête préliminaire an d'Weeër geleet. Gëschter hat den Deputéierte vun de Pirate Persounen, déi sech bei de Coronaimpfunge virgedréckt hunn, beim Parquet gemellt. Dat nodeems mir weider Fäll gemellt haten vu Leit déi sech fréizäiteg impfe gelooss haten

Méi zum Thema

Sven Clement
No Denonciatioun beim Parquet

D'Denonciatioun vu sougenannten "Impfdränlger" déi de Sven Clement beim Parquet agereecht huet ass ukomm, seet de Justizspriecher op Nofro hin. De Parquet géif d'Situatioun elo analyséieren.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen