Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Undo Stress

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Incident an der Unisec: Ze fréi fir Conclusiounen ze zéien

Unité de Sécurité

No Incident an der Unisec: Ze fréi fir Conclusiounen ze zéien

Frust an eng komplex Gruppendynamik hätten zur Rebellioun vu Jugendlechen dëse Weekend an der Sécherheetsunitéit fir Mannerjäreger gefouert, mengt den Direkter vum Centre-Socio-Educatif zu Dräibuer. Dem Ralph Schroeder no wier dëst déi éischte Kéier gewiescht, datt et zu esou enger Situatioun koum. Fir Conclusiounen dorauser ze zéien, wier et nach ze fréi.

auto_stories

2 min

D'Personal vun der Unisec hat e Samschdeg géint hallwer 11 d'Police geruff, well e Grupp vu sechs Jugendleche refuséiert hat, an hir Kummeren ze goen. Beim Asaz vun der Police koum et zu Handgräiflechkeeten. Zwee Jonker goufen an den Erwuesseneprisong op Schraasseg transferéiert. D'Police ass geruff ginn, fir d'Sécherheet vum Personal a vun de Jonken ze garantéieren, sou de Ralph Schroeder.

Implizéiert ware sechs Jongen a Meedercher tëscht 15 a 17 Joer, déi alleguer wéinst enger Strofdot an der Unisec placéiert sinn. Generell géifen déi Jonk Reegelen a Fro stellen, also och d'Nuetsrou um zéng Auer, seet de Ralph Schroeder. Eng speziell Ursaach fir d'Eskalatioun dëse Weekend géif et a sengen Aen net ginn.

Et wier natierlech fir déi Jonk net einfach fir agespaart ze sinn, domat wier ee gewësse Frust verbonnen. D'Unisec wier mat eelef sougenannte Pensionnairen den Ament och héich besat, wat den Drock fir jiddwereen nach zousätzlech géif erhéijen. Duerch d'Pandemiesituatioun wier d'Uspanung generell nach méi héich. "Do ass elo bëssen alles beienee komm", sou de Ralph Schroeder.

Prozedure ginn evaluéiert

Fir d'Personal an déi Jonk an der Unisec wier elo ee psychologesche Suivi virgesinn, esou de Ralph Schroeder. Et géif och gekuckt ginn, ob aner Conclusiounen aus dem Tëschefall musse gezu ginn.

"Sou eng Situatioun, ewéi déi do, hate mir nach net an der Unité de Sécurité. Dat heescht, datt eis Prozeduren do och nach wéineg praxiserprobt waren. An dat do ass elo d'Méiglechkeet ze kucken: Huet et gutt geklappt, wou ass eventuell Verbesserungsbedarf?"

Déi Aarbecht géif elo an den nächsten Deeg gemaach ginn, betount den Direkter vum staatleche Centre-Educatif, zu deem och d'Unisec gehéiert.