Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Arkmauser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Kritik vu LUkraine: Ausseministère dementéiert

Schlecht Zoustänn a Flüchtlingsstrukturen

No Kritik vu LUkraine: Ausseministère dementéiert

A vereenzelte Flüchtlingsstrukturen hätt et iwwer d'Feierdeeg kee Waasser ginn, huet d'Associatioun LUKraine kritiséiert. Den Ausseministère dementéiert dat: et hätt zu all Moment Krunnewaasser ginn.

auto_stories

3 min

D'Gebai vum Ausseministère. Foto: CC BY-SA 4.0 Krzysztof Golik (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Iwwer d'Feierdeeg hätt et a vereenzelte Strukture vu Flüchtlingen, wéi beispillsweis dem Bâtiment T, kee Waasser ginn, huet den Nicolas Zharov, de President vun der Associatioun LUkraine am 100,7-Interview kritiséiert.

Ausseministère léisst Kritik net gëllen

Den Ausseministère dementéiert dat: am Bâtiment T wier et ëm déi Zäit zu all Moment Krunnewaasser ginn. Dat wier an all de Strukturen de Fall, an d'Qualitéit vum Krunnewaasser géif och kontrolléiert ginn.

Wann nach en zousätzleche Foyer misst amenagéiert ginn, géif d'Waasser a Fläsche geliwwert ginn. Fir technesch Problemer ze léisen, géif den Office National de l'Accueil (ONA) d'Foyeren am A behalen an iwwerwaachen, heescht et am Communiqué vum Ausseministère.

ONA: 7.000 Better fir Flüchtingen

Den Ausseministère verweist drop, datt den ONA Stand Enn November fir alles an allem 68 Strukture responsabel war, an deene Flüchtlingen ënnerkomm sinn. D'Capacitéiten hätte sech an engem Joer op 7.000 Better verduebelt, fir esou Flüchtlingen aus der Ukrain an anere Länner ophuelen ze kënnen.

Fir déi néideg Plaz ze hunn, hunn d'Strukture missten an Halen, Zelter, an a fréieren administrative Gebaier ënnerbruecht ginn. D'Installatiounen, dorënner och d'Heizsystemer, géife permanent kontrolléiert ginn, bei Problemer ginn och Handwierker geruff, esou den Ausseministère.

LUkraine kritiséiert virun allem Rout Kräiz

D'Reprochë vum LUkraine-President betreffen net all d'Strukturen. D'Problemer wiere méi grouss bei de Foyeren, déi vum Roude Kräiz geréiert ginn ewéi déi vun der Caritas.

Béid ONGe geréieren d'Foyeren ënner der Autoritéit vum ONA, deen dem Ausseministère ënnersteet. D'Rout Kräiz wëllt eréischt zu engem spéidere Moment Stellung zu de Reprochen huelen.


Update vun 12 Auer:

D'Rout Kräiz reagéiert op eis Nofro hin op d'Kriticke vun der asbl LUkraine iwwer déi ëffentlech Strukture fir Flüchtlingen, wou et plazeweis iwwer d'Feierdeeg kee Waasser a keng Heizung gi wieren.

D'Croix Rouge wier net responsabel fir d'Exploitatioun vun deene Strukturen. Si géif just de sozialen a psycho-sozialen Encadrement maachen. Responsabel fir déi logistesch Gestioun wier den ONA, den Office national de l'accueil.

D'Rout Kräiz stéing awer an direktem Dialog mam ONA a mam Ausseministère an d'Mataarbechter vum Roude Kräiz géifen och alles mellen, wat net sou klappt wéi et soll, och materiell Aspekter, obwuel dat net ënner hir Attributioune géif falen. An dofir wéilt d'Croix Rouge sech och net an déi Diskussiounen amëschen: "En revanche, et en ligne avec ses principes de neutralité la Croix-Rouge ne peut pas participer au commentaire ou au débat public et politique relatif aux conditions de vie et d'accueil dans ces structures."