Radioen

On air

Kultur um 5  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Demande no Rulingen "wäert drastesch ofhuelen"

Steierregelen

D'Demande no Rulingen "wäert drastesch ofhuelen"

Lëtzebuerg setzt nei Regele vun der EU an der OECD ëm. Resultat: Steierrulingen vu virum 1. Januar 2017 sinn – enger rezenter Circulaire no – net méi gülteg. Dat huet Konsequenzen, soen Experten.

auto_stories

5 min

Well d'Regele méi präzis sinn, dierfte manner Rulingen ugefrot ginn, mengen Experten (Foto: Bigstock)

An engem Ruling leet d'Steierverwaltung sech am Viraus fest, wéi se déi komplizéiert Steierstrukture vu multinationale Konzerner wäert besteieren. Eng Zort Ruling sinn déi sougenannt "Advance Pricing Agreements" (APA). Dora geet et drëms ze beuerteelen, wéi Prêten an ähnlech Finanztransferten tëscht de verschiddenen Entitéite bannent engem Grupp sech op d'Besteierung auswierken. "Dës Kategorie vu Rulingen, déi déi sougenannt 'financements intragroupe' betreffen,ware virdrun och scho geregelt iwwert eng circulaire vun 2011" erkläert de Marc Schmitz, Partner bei der Consultingfirma EY.

Allerdéngs goufen et an der Vergaangenheet fir d'Besteierung vun esou Transferte bannent engem Grupp keng immens präzis Virgaben. D'LuxLeaks-Revelatiounen hu gewisen, datt dowéinst vill Konzerner – dorënner Amazon, Fiat, Ikea, Vodafone oder Pepsi – extrem wéineg Steiere bezuelt hunn.

Am Kader vun der Steierreform, déi dëst Joer a Kraaft getrueden ass, goufen d'Regele präziséiert. D'Regierung huet sech dobäi un den neien OECD-Virgaben, déi sougenannt "BEPS"-Mesurë géint "Base Erosion and Profit Shifting" orientéiert. De Wim Piot, Partner bei PriceWaterhouseCoopers seet, et wier een op Ännerunge virbereet gewiescht: "D'Gesetzgebung huet geännert an de berühmten Artikel 56bis ass agefouert ginn. Mir woussten also, datt doropshin Mesure géife geholl ginn fir d'Ëmsetzung dovun. Et war also virgesinn, och wann den techneschen Inhalt vun der Circulaire net bekannt war."

Positioune vu virdrun musse revidéiert ginn

De 27. Dezember huet d'Steierverwaltung eng Circulaire mat Präzisiounen zur Gesetzesännerung publizéiert. Datt een domadder gerechent hätt, seet och de Georges Bock vu KPMG. Allerdéngs hätten d'Acteure vum Terrain wéineg Zäit kritt fir sech ze "re-organiséieren". "D'Circulaire gouf de 27. Dezember gemaach an d'office gouf gesot, datt all d'Positiounen déi virdru geholl gi waren direkt misste revidéiert ginn", sou de Georges Bock.

Sech "re-organiséieren" heescht, sech konform zur neier Gesetzgebung maachen: D'Societéite mussen elo méi "Substanz" hunn. Anescht ausgedréckt: Reng Bréifkëschtefirmae ginn net méi duer, fir enorm Zomme kënnen iwwer Lëtzebuerg ze transferéieren an hei zu gënschtege Konditioune besteieren ze loossen.

"Et kann een dat mat der Vergaangenheet vergläichen, wou et Gesellschaften ouni vill Contenu gouf, wou zum Beispill Prêten driwwer gelaf sinn. Dës Gesellschafte waren zu Lëtzebuerg technesch 'resident' an domat hei besteierbar, mee et ass am Fong net vill do gelaf", sou de Marc Schmitz vun EY. Déi betraffen Entreprisen hätten zum Beispill kee Personal hei am Land beschäftegt. D'Circulaire vun Enn Dezember géif awer d'Existenz vun enger "matière grise" mat enger gewësser Kompetenz, Formatioun an Autoritéit virschreiwen.

Méi strenge Kader schreckt of

Déi Entwécklung huet Konsequenzen: Am Dezember huet McDonald's annoncéiert säin europäesche Siège vu Lëtzebuerg op London ze verleeën. De Finanzminister Pierre Gramegna huet dozou géigeniwwer RTL eng kloer Positioun bezunn: Op de "Fall McDonalds" kéint een hei zu Lëtzebuerg "net stolz" sinn. "Dat war eng typesch Bréifkëschtegesellschaft. Sou ee System geet lo haut net méi. Wa si wëllen eng nei Bréifkëscht anzwousch anescht maachen, da sollen si dat maachen, mee hei zu Lëtzebuerg ass fir sou Saache keng Plaz méi", sou de Pierre Gramegna.

Trotz den neie Substanz-Critèrë wanderen den Ament net masseweis Societéiten of, soen d'Steierexperten. De Wim Piot vu PWC geet zwar dovun aus, datt McDonalds keen Eenzelfall wäert sinn, gläichzäiteg ass hien iwwerzeegt, datt zwar nach Societéiten sech fir Lëtzebuerg wäerten entscheeden, awer däitlech manner.

Verschidde Societéite loossen sech vun dem méi strenge Kader hei am Land ofschrecken, mengt de Georges Bock vu KPMG. Ouni wëllen een Numm ze verroden, schwätzt hien vun engem Fall "wou ee ganz grousse Betrib op der Welt mat enger Finanzgesellschaft vun 1,9 Milliarden Euro wollt op Lëtzebuerg kommen". D'Decisioun wier gefall gewiescht, ier d'Circulaire erauskomm ass. "D'Decisioun ass awer elo opgedréckt ginn, si kucken dat elo mol nach eng Kéier an et wäert elo iergendwann eng Kéier eng Decisioun tëscht der Schwäiz a Lëtzebuerg falen". Dat Beispill géif awer weisen, datt d'Circulaire vum 27. Dezember net ouni Impakt wäert bleiwen.

"Da brauch ech a priori kee sou ee Pabeier"

An der Circulaire vum 27. Dezember 2016 heescht et, datt d'Administratioun net méi gebonnen ass un Transfert-Präis-Rulingen, déi virum 1. Januar 2017 accordéiert goufen. Wéi vill där Rulingen Enn 2016 a Kraaft waren, huet de Finanzministère op Nofro hin net präziséiert. Chiffrë vun der EU-Kommissioun no waren Enn 2015 zu Lëtzebuerg 519 "Advance Pricing Agreements" a Kraaft.

Déi concernéiert Entreprisë géifen net onbedéngt all een neie Ruling ufroen, soen d'Experten. Allgemeng geet d'Demande fir Rulingen zréck, soe Finanzministère a Steierberoder. De Wim Piot vu PWC rechent awer dermat, datt am Ufank nach méi Texter wäerten deposéiert ginn fir ze kucken wéi d'Steierverwaltung se interpretéiert."Mee duerno wäert d'Zuel vun den Demande kloer drastesch erofgoen", sou den Expert.

Datt manner Rulingen ugefrot ginn, huet de Steierexperten no engersäits eppes dermat ze dinn, datt d'Regele méi präzis sinn. An deem Fall geet den Avis vun engem Steierberoder am Fong duer, mengt de Georges Bock: "Wann meng Situatioun sou spezifesch ass, datt et keng Referenz dozou an engem Gesetz oder enger Circulaire gëtt, dann hunn ech als Societéit méi ee grousse Bedarf fir dat a priori ze klären amplaz herno driwwer ze streiden. Mee wann d'Dokumentatioun awer an d'Positioun vun enger Verwaltung esou kloer ass, datt ech net nach laang muss diskutéieren, da brauch ech a priori kee sou ee Pabeier".

"Reputatiouns-Risiko"

Als weider Ursaach nennt de Marc Schmitz vun EY, datt d'Rulingen zënter dem 1. Januar an der EU automatesch ausgetosch ginn. Dat géif d'Entreprisë veronsécheren, well se gesinn hätte wéi ee "Reputatiouns-Risiko" mat engem Ruling kéint verbonne sinn. "Wann ee Ruling op enger Plaz lant fir déi en net geduecht ass, zum Beispill an der Press, op engem Journalistesite oder bei der EU-Kommissioun, da kann et sinn datt eng EU-Kommissioun oder d'Press eng Interpretatioun fënnt, déi net sou geduecht war, och wann de Business sou legitim ass wéi e ka sinn, an d'Analys richteg ass", seet de Marc Schmitz.

De Réckgang vu Rulingen erkläert den EY-Beroder awer och domadder, datt d'Steierverwaltung eng aner Approche huet. Hei ass et net méi just ee Beamten, mee eng Kommissioun, déi d'Rulinge beuerteelt. "Well d'Facilitéit vu virdrun net méi sou besteet, ginn d'Cliente bei hire Beroder, huelen hir Positioun an hirer Steiererklärung a kucken herno wat d'Steierverwaltung dozou seet".