No Ouschteren ass et net méi méiglech virun enger Vakanz am Kader vun Large-Scale-Testing e gratis PCR-Test maachen ze loossen. Dat huet d'Regierung d'lescht Woch decidéiert, wéi mir confirméiert kruten. Déi Méiglechkeet wier ageriicht ginn, wéi d'Nopeschlänner d'Grenzen zougemaach haten, fir d'Circulatioun am Grenzgebitt ze erméiglechen, sou eng Spriecherin vum Santésministère.
Datt de Contribuabel géif d'Tester bezuelen, fir Leit, déi an d'Vakanz fueren géif net dem Message entspriechen, datt ee sech nëmme soll deplacéieren, wann et noutwenneg ass. Déi Leit, déi an d'Vakanz wëllen, kënnen sech op hir Käschten an de Privatlaboen testen loossen, esou nach d'Explikatioun.
D'Dokteren sollen hirersäits och keng PCR-Tester verschreiwen, fir Leit déi wëllen an d'Vakanz fueren. Dat schreift d'Santésdirectioun haut an enger Circulaire un d'Dokteren. Dat wier net hir Aufgab.
D'Demande fir Tester wier virun der Ouschtervakanz ganz héich, heescht et an der Circulaire. Dat gesäit een och op Guichet.lu: d'Rendezvousen am Large-Scale-Testing am Kader vu Reesen sinn bis Ouschteren ausgebucht. All d'Testzentren weisen "complet" un.