De CGDIS hätt sech de Freideg den Owend relativ séier en Iwwerbléck kënne verschafen, seet de Generaldirekter vum CGDIS. Et hätt ee séier kënnen Entwarnung ginn, datt keng Persoune géife vermësst ginn. D'Opraum- a Securisatiounsaarbechte wieren déi ganz Nuecht duerch viru gaangen, sou de Paul Schroeder. D'Zuel vun den Haiser, an déi d'Leit net méi kéinten zeréckgoen, wier fir de Moment op ronn sechs reduzéiert ginn.
Nom Passage vum Tornado de Freideg waren de Premierminister Xavier Bettel, grad wéi d'Inneministesch Taina Bofferding, den Aarbechtsminister Dan Kersch an de Grand-Duc Henri de Samschdeg Mëtteg zu Käerjeng an zu Péiteng, fir sech e Bild vun der Situatioun um Terrain ze maachen.
Op Facebook goufen direkt e puer Spenden-Aktioune gestart, déi bannent e puer Stonne méi wéi 40.000 Euro gesammelt hunn. Zesumme mat de Gemenge soll elo gekuckt ginn, wéi d'Sue kënnen agesat ginn.