Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - In Bloom

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No zwee Joer: De Gov-Sat huet just de Lëtzebuerger Staat als Client

Defense

No zwee Joer: De Gov-Sat huet just de Lëtzebuerger Staat als Client

De Lëtzebuerger Militär-Satellit Gov-Sat-1 gëtt och zwee Joer nom Start bal net genotzt, seet de Verteidegungsminister. Ausser dem Lëtzebuerger Staat, deen zéng Prozent vun der Kapazitéit kaf huet, huet d'Bedreiwergesellschaft Lux-Gov-Sat bis ewell keen anere Kontrakt ofgeschloss.

auto_stories

1 min

Eng vun de Schwieregkeeten ass, datt Gov-Sat e Public-Private-Partnership tëschent dem Staat an der SES ass. Wann aner Staaten Transponderkapazitéite wéilte kafen, kéinte se kee Kontrakt mat der Lëtzebuerger Regierung ofschléissen, mee mat der privater Bedreiwergesellschaft Lux-Gov-Sat.

Dofir missten dann Ausschreiwunge gemaach ginn, déi Lux-Gov-Sat misst gewannen, sou de François Bausch. De Gov-Sat-1 huet 225 Milliounen Euro kascht. De Staat hat dofir en Apport vu 50 Milliounen Euro an d'Kapital vu Lux-Gov-Sat gemaach an 117 Milliounen Euro fir déi zéng Prozent Transponder-Kapazitéit bezuelt. Ouni dës Ausgaben hätt Lëtzebuerg seng Engagementer vis-à-vis vun der NATO, wat d'Militärausgaben ugeet, net kënnen anhalen, seet de François Bausch.