Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Accueil, d'Integratioun

Flüchtlingspolitik

Nom Accueil, d'Integratioun

D'Sproochen, de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart, d'Schoul an de Logement stelle Flüchtlinge virun enorm Erausfuerderungen. Bis elo hätt sech virun allem d'Zivilgesellschaft ëm d'Integratioun vun de Flüchtlinge gekëmmert, esou d'Kritik vun der Laura Zuccoli (Presidentin vun der Asti) a vum Yves Schmidt (Direktioun Caritas). Generell géing et awer eng besser Prise en charge an e Bewosstsinn fir d'Problematik ginn. D'Familljen- an Integratiounsministerin Corinne Cahen kënnegt eng Consultatiounsdebatt an der Chamber un. D'CSV-Deputéiert Martine Mergen fuerdert e Bilan vun der Situatioun.

auto_stories

6 min

"Wann s du an dengem eegenen Heem géifs wunnen, dann häss du eng gewësse Stabilitéit. Da kanns de och méi maachen. Wann s du awer voller Suerge bass, wéi s de deng Studie fäerdeg kriss, deng Sproochecoursen ofschléiss, fir eng Wunneng, an eng Aarbecht ze fannen, dann ass dat anescht. Heiansdo spieren ech mech gefaangen, ech hänken. Da kann ech näischt maachen. Mat all deenen Erausfuerderunge kann ech net definéieren, wat ech soll maachen, wat mäin Zil ass. Ech weess net, wou ech soll ufänken. Vun der Regierung géif ech mir wënschen, datt si eis hëlleft fir eis méi séier z'integréieren" (Rima Abobaker - Flüchtling)

"D'Lëtzebuerger Regierung mécht de Maximum, dee si kann. Integratioun mécht een net vun uewen erof, Integratioun mécht e vun ënnen erop. D'Société d'accueil muss sech och engagéieren", seet d'Familljen- an Integratiounsministerin Corinne Cahen. Si wier impressionnéiert iwwert den nohaltege Benevolat vun de Leit. Fir déi Refugiéen, déi Lëtzebuerger Residente kennegeléiert hunn, wier et vill méi einfach, wéi fir déi aner. D'Wunnsituatioun an de Flüchtlingsstrukture wier net gutt. Mä dës Regierung hätt et besser gemaach, wéi déi Regierung virdrun. Et géife keng Refugiéen op Campinge liewen. An der Urgence wier d'Betterzuel vun 2.000 op 4.000 eropgesat ginn. Dovunner wieren 2.000 Better provisoresch Better a Schoulen, Kliniken. Aktuell géif keng Urgence bestoen.

"Nei ass, datt bei der Integratioun keen Ënnerscheed méi gemaach gëtt, ob e Flüchtling de Statut huet oder net." Et géif endlech e Bewosstsinn ginn fir d'Integratioun, seet den Yves Schmidt vun der Caritas. Viru puer Joer hätt sech Integratioun nach limitéiert dorobber, fir eng Aarbecht an eng Wunneng ze fannen. Haut wier dat anescht. Et géif e sozialen Encadrement vun de Flüchtlingen an de Foyere ginn.

D'Efforte vun der Zivilgesellschaft

"De Moment si mir net an enger Flüchtlingswell, wéi 2015, 2016". Do misst elo d'Integratioun usetzen, seet d'Laura Zuccoli. Dës Regierung hätt vill fir den Accueil gemaach. Et wier awer d'Zivilgesellschaft, déi sech ëm d'Integratioun gekëmmert hätt, mat neie Modeller. Iwwert d'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte, déi an dräi Joer 13 Milliounen Euro eragepompelt hätt. D'Presidentin vun der Auslännerorganisatioun Asti kritiséiert, datt den Direkter vum OLAI gesot huet, datt et un der Oeuvre wier, fir ze decidéieren, wat fir Projete weidergefouert ginn a wat fir net. D'Laura Zuccoli erwaart sech méi Féierung vun der Politik, an datt och e roude Fuedem an déi eenzel Mesuren (Sproochen, Wunnen, Schaffen) kënnt.

"Et kann net d'Oeuvre sinn, déi eleng pluridisziplinär Integratiounsprojete realiséiert", seet och den Yves Schmit. De Staat misst esou Integratiounsprojeten iwwerhuelen, mat den Erfarungswäerter vun den Acteuren a Benevollen um Terrain. Genee dat géif geschéien, äntwert d'Ministerin. Dobäi wier et awer elo wichteg, déi eenzel Projete vun der Zivilgesellschaft z'evaluéieren. Verschidde Projete géifen nämlech ganz gutt funktionéieren, anerer net.

"D'Integratioun geet vun ënnen erop. Dat ass um Terrain sécherlech richteg. Mä nach ass d'Integratioun eng national Kompetenz, wou d'Gemenge musse wëssen, op wat fir Hëllef si kënnen zielen", seet d'CSV-Deputéiert Martine Mergen. Et misst e Bilan gemaach gi vun der Situatioun vun de Refugiéen zu Lëtzebuerg, vun de Begleetprogrammer, den Initiative vun der Zivilgesellschaft a vun de Capacitéite vun den Infrastrukturen. Der CSV no géifen déi aktuell Foyeren net duer goen. Scho während der Prozedur an éier d'Demande op Asyl ofgeschloss ass, misst d'Integratioun gefërdert ginn, seet d'Martine Mergen. D'CSV ass fir Konventioune mat de Gemengen.

Differenzéiert Begleedung

D'Corinne Cahen verweist op déi nei Begleedungsmesure PIA, de Parcours d'integration accompagné. Deen ass Flicht fir all Demandeur d'asile. "Do léiere si d'Basics iwwert d'Zesummeliewen zu Lëtzebuerg an déi kulturell Wäerter am Land an déi éischt 100 Wierder Lëtzebuergesch", erkläert d'Ministerin. Dee Programm géif gutt funktionéieren. Et hätt een op d'Erfarunge vun den ONGen an Associatioun zréckgegraff, fir dee Projet auszeschaffen. Net genuch, soen d'Vetrieder vun der Caritas an der ASTI.

D'Laura Zuccoli kritiséiert, datt am PIA net genuch Wäert geluecht gëtt, op de Kontakt tëscht Residenten a Flüchtlingen - eng Viraussetzung fir eng gutt Integratioun. Et wier immens wichteg, individualiséiert Integratiounsbegleedungen z'offréieren, an net dat selwecht fir jiddereen z'offréieren. Net all Integratiounsmesure géif fir jidderee funktionéieren, seet den Yves Schmidt vun der Caritas. "L'équité au delà de l'égalité".

"Dofir hu mir elo de Suivi social an all Foyer, fir datt jiddereen eenzel betreit gëtt", ënnersträicht d'Corinne Cahen. Besonnesch well net all Flüchtling déi selwecht Viraussetzung mat géif bréngen. Och fir d'CSV wier déi individuell Betreiung ganz wichteg, seet d'Martine Mergen, grad fir déi méi vulnerabel vun de Flüchtlingen ze begleeden, wéi Mineuren, Kanner oder Fraen eleng. "Mir sollen eis awer kengen Illusiounen higinn. Wann ee mat 40 Joer an d'Land kënnt an et soll ee Fouss faassen, dee kann um klasseschen Aarbechtsmaart nëmme schwéier integréiert ginn."

Ouni Sprooch keng Aarbecht, ouni Aarbecht keng Wunneng

"Bei de Sproochecoursen offréiere mir esouvill, wéi mir kennen; mä mir kënnen net méi offréieren, wéi Enseignanten do sinn", seet d'Corinne Cahen. Woubäi aktuell vill Flüchtlingen aus Länner kommen, wou si keng vun de gängege Sproochen zu Lëtzebuerg geléiert hunn. D'Syrer wieren heefeg gutt ausgebilt an de Sproochen. Bei afrikanesche Flüchtlinge wier ee mat Sprooche konfrontéiert, déi een zu Lëtzebuerg net kennt.

Aktuell geréiert den OLAI 72 Strukturen a 50 Gemengen. 43 Prozent vun de Plaze si vu Flüchtlinge beluecht, déi de Statut hunn. Fir si ass et ganz schwéier, fir um deiere Lëtzebuerger Wunnengsmaart eng Wunneng ze fannen. Dobäi kënnt, datt d'Proprietären heefeg net wëllen un ee verlounen, dee keng Aarbecht huet. D'AIS, d'Agence immobilière sociale, déi verbëllegte Wunnraum fir all d'Leit vermëttelt, déi keng abordabel Wunneng um Marché fannen, hätt net genuch Leit fir déi Wunnengen ze vermëttelen, déi hinnen ugebuede ginn, seet d'Laura Zuccoli.

Och d'Caritas geréiert mat hirem Projet "neien Ufank" d'Wunnengssich fir Flüchtlingen. Dobäi wier et wichteg, fir de Leit net just eng Wunneng ze ginn, mä si och doranner ze begleeden, wéi een déi Wunneng geréiert.

D'Co-Locatioun misst juristesch nei gereegelt ginn, fir datt ouni steierlech Desavantagen nei Wunnforme méiglech ginn, seet Martine Mergen. Der CSV-Deputéiert no misst iwwert Quoten an de Gemengen nogeduecht ginn. Der Corinne Cahen no ass et net méiglech, Quoten anzeféieren. Nei Wunnforme géifen ënnerstëtzt ginn. D'Gemengen hätten eng lokal Integratiounsroll ze spillen, esou den Yves Schmit.

En Ausbléck

2019 missten eng Rei Foyere wéinst Renovatioun zougemaach ginn. Aktuell géif mat de Gemenge gekuckt ginn, wou een nei Strukture kann opmaachen. Am Januar soll e Bilan vun den Integratiounsmesurë gemaach ginn. D'Ministerin annoncéiert eng Consultatiounsdebatt iwwert Integratioun. Aktuell ginn d'Gemengen dozou befrot.