Radioen

On air

Tockcity  |  Joe Armon-Jones & Hak Baker - Wrong Side Of Town Feat. Hak Baker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Brand um Grondhaff: Wouhi mat de Betraffenen?

Relogement

Nom Brand um Grondhaff: Wouhi mat de Betraffenen?

Fir d'Gemeng Beefort ass et schwéier, d'Affer vum Brand um Grondhaff ze relogéieren, esou de Beeforter Buergermeeschter Camille Hoffmann. Virun zwou Wochen huet do den Daach vun engem Wunnhaus gebrannt. 38 Leit hunn hiert Doheem verluer. Verschiddener konnte bei hir Famillje goen. Fir de Rescht missten aner provisoresch Léisunge fonnt ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow


D'Sich no neie Wunnméiglechkeete wier schwéier, esou de Beeforter Buergermeeschter Camille Hoffmann.

Grouss Ongewëssheet

Déi aktuell provisoresch Léisungen, wou déi Betraffen ënnerbruecht sinn, sinn Hoteller, ee Camping oder de Centre Polyvalent zu Beefort op Feldbetter, erkläert ee vun de Betraffenen, déi anonym wëlle bleiwen.

Vun e Mëttwoch u kënnen e puer vun de Betraffenen an engem ale Scouts-Chalet zu Beefort ënnerkommen. Mee d'Ongewëssheet bleift grouss.

"Wéi et weider geet, wësse mir net. Dat heescht, mir kënnen och zu all Moment op d'Strooss fléien, well den Office Sociale dann och näischt aneres fënnt."

"Ces circonstances, c'est insupportable. Chaque fois on change de place, c'est insupportable."

D'Gebai, vun deem den Dach ofgebrannt ass, war virdrun een Hotel a gouf viru puer Joer vun enger Persoun zu engem Wunnhaus ëmfunktionéiert an als sougenannt "Kaffiszëmmeren" weider verlount, erkläert de Camille Hoffmann op Nofro hin.

De Vermieter hätt sech bis elo nach net bei der Gemeng gemellt.

Foto: Morgane Weidig

Relogéieren: net d'Responsabilitéit vun der Gemeng

D'Gemeng géif probéieren, sech ëm d'Relogementer ze këmmeren, och wann dat am Fong net hir Responsabilitéit wier, esou de Buergermeeschter.

"Den Haaptresponsablen ass eigentlech deen, deen d'Zëmmer verlount huet. An dono ass dann den Office Sociale an Zesummenaarbecht mat der Gemeng wou mir dann, sou gutt wéi méiglech, dat iwwerhuelen, wat de Vermieter lo eigentlech net mécht, loosse mir mol sou soen."

Net alleguer d'Leit kënnen an de Scouts-Chalet. Dobäi kënnt elo och, datt nächst Woch Vakanz ass, an d'Hoteller déi Kummeren, an deene lo Betraffener sinn, wëlle fir Touriste fräi maachen.

Och mat anere Gemengen an Office Sociauxe géif ee probéieren, Wunnengen oder Kummeren ze fannen, mee bis elo ouni Erfolleg, esou de Camille Hoffmann.