Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - White Dancing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Brexit-Sommet: Wéi geet et elo virun?

Brexit-Sommet

Nom Brexit-Sommet: Wéi geet et elo virun?

Historeschen Dag gëschter zu Bréissel. Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun der Europäescher Unioun gouf en Austrëtts-Accord ugeholl. Um Enn gouf deen Accord ouni grouss Diskussiounen duerchgewénkt, op engem aussergewéinlech kuerze Sommet. Déi grouss Fro awer, déi sech scho gëschter jiddweree gestallt huet, bleift: Wéi geet et elo virun? De Ball läit zu London, an do gesäit et den Ament net dono aus, wéi wann deen Accord op vill Géigeléift stousse géif.

auto_stories

4 min

Domatt, datt de Brexit-Accord, deen d'Konditioune fir den Austrëtt definéiert, vun de 27 EU-Länner ofgeseent gouf, ass eng Etapp geholl. Sollt dat britescht Parlament effektiv géint den Accord stëmmen, si verschidden Zeenarie méiglech. "Dat sinn Neiwahlen, en zweete Referendum oder nei negocéieren", seet de Lëtzebuerer Premier Xavier Bettel.

Dat lescht, nämlech den Accord, deen elo no 18 Méint zéie Verhandlungen um Dësch läit, nach eng Kéier op de Leescht ze huelen, kënnt net a Fro. Dee Message hunn déi 27 vun hirem Sommet gëscht direkt op London geschéckt. Ee Message, dee ganz am Sënn vun der britescher Premier-Ministerin Theresa May ass.

Noverhandelt gëtt net, gouf ëmmer nees betount. Hie geséich och guer net wou, seet den CDU-Europadeputéierten Elmar Brok - dee fir d'Parlament mat um Verhandlungsdësch souz. Am grousse Sträitpunkt vun der Grenz tëscht Nordirland an Irland géif d'EU sech ganz sécher net méi beweegen.

"Sonst würde Irland auch ein Veto einlegen, und das halte ich auch für richtig, dass hier nicht neue Mauern aufgezogen werden. Alles was Großbritanien tun kann, ist einen Brief nach Brüssel schreiben, dass ihren Brief zu Artikel 50 zurückzieht."

Och dat ass net wahrscheinlech - d'Theresa May huet gëscht betount, si wier am Contraire zum Räscht vun den EU-Leaderen net traureg - et misst een elo no vir kucken.

Zweete Referendum nëmmen wa May-Regierung sollt falen

Och een zweete Referendum ass net probabel - wier allerdéngs demokratesch dee richtege Wee, seet de Philippe Lamberst vun deene Grengen, och Member vun deem Groupe vun Europadeputéiert, déi fir d'Parlament mat verhandelt hunn.

"Déi britesch Premierministesch huet awer kloer gesot, datt se keen zweete Referendum géif ofhalen. Fir dat ze maachen, misst d'Theresa May als Premierminsitesch ofgeléist ginn, an hiren Nofolger misst een zweete Referendum organiséieren. Et ass awer net kloer, wat den Jeremy Corbyn maache géif."

Dat ass awer schon aleng en Fro vun der Zäit seet dozou den Elmar Brok.

EU bleift haart: Den 29. Mäerz trëtt Groussbritannien aus EU aus

D'Briten nach eng Kéier wielen ze loossen, dat wier dem Public wuel kaum ze verkafen. De Philippe Lamberts gëtt sech awer nach net geschloen. Et wier denkbar, datt déi 27 London, e bësse méi Zäit ginn, seet de belsche Gréngen.

Et géifen zwou Optiounen um Dësch leien: An der EU bleiwe wier déi éischt Optioun, déi zweet wier erauszegoen, zu den ausgehandelte Konditiounen. Den Accord géif net nei verhandelt ginn, mee wann d'Briten an engem Referendum d'Wiel tëscht den zwou Optiounen hätten, da misst Groussbritannien méi Zäit kréien.

Déi Optioun wollt de Sonndeg awer kee vun de Staats- a Regierungscheffe wierklech envisagéieren. De Xavier Bettel wollt op d'Fro, ob um 29. Mäerz als Austrëttsdatum nach eng Kéier gefréckelt ka ginn net direkt äntwerten:

"Ech mengen haut sollt ee vum Zeenario ausgoen, datt dëse Vott soll riicht ausgoen an net frësch negociéiert gëtt. Dat ass op allefalls meng Haltung, déi ech och verdeedegen."

Weidert Dokument als Ënnerstëtzung fir Theresa May

De Sonndeg gouf och eng politesch Deklaratioun ugeholl, déi déi zukünfteg Relatioun tëscht der EU a Groussbritannien beschreift - si soll der britescher Premierministesch doheem hëllefen, den Deal duerch d'Parlament ze bréngen. Déi Deklaratioun ass net contraignant a si ass och vague gehalen, gëtt de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zou.

Mee d'Deklaratioun wier d'Basis vun de Gespréicher, déi an den nächste Méint mat Groussbritannien a mat de Memberstaate misste gefouert ginn. "Et ass een Dokument mat Substanz, mee natierlech keng gehuewe Form vu Staatskonscht", sou de Jean-Claude Juncker.

A Groussbritannien huet de Koalitiounspartner vun der Theresa May, d'DUP schonn annoncéiert, géint de Brexit-Deal ze stëmmen. Fir de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass de Match zu London nach net gelaf.

"Ech hunn - wat ech jo seele maachen - stonnelaang der Debatt am britesche Parlament nogelauschtert. Déi meescht déi do intervenéiert sinn, kennen ech jo perséinlech, an ech kann dat gutt aklasséieren. Déi Saach ass nach net iwwer d'Bühn, mee dat ass net eis Affär, mee d'Affär vu Groussbritannien."