Dës Hausse wier drop zeréckzeféieren, datt verschidden Haiser méi schlëmm getraff goufe wéi ufanks geduecht, an datt eng Rei Betraffener fir d'éischt hu missen aus der Vakanz zeréckkommen.
An den nächsten Deeg misst elo iwwerpréift ginn, wéi schlëmm déi gemellte Schied sinn, sou d'Taina Bofferding. Dat misst "esou séier, wéi méiglech" geschéien. D'Inneministesch seet, bis elo wier bei véier Haiser esou e schwéiere Schued festgestallt ginn, datt d'Bewunner fir méi laang Zäit net kennen do wunnen.
Zu Péiteng an zu Käerjeng konnten d'lescht Nuecht op d'mannst 101 Persounen net an hiren Haiser schlofen. Si goufe vun hire Gemengen an Hoteller relogéiert. Et ass nach net gewosst, wéini dës Leit nees ganz an hiren Haiser kënne wunnen.
Bei der Käerjenger Gemeng heescht et op Nofro hin, de Buergermeeschter Michel Wolter wéilt muer zeréck op Lëtzebuerg kommen. Hie soll muer am Laf vum Nomëtteg ukommen, an d'Krisekoordinatioun dann iwwerhuelen, esou de Schäffe Frank Pirotte.