Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Boatly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nora Back: "D'Gespréicher si ganz, ganz schwiereg"

Tripartite

Nora Back: "D'Gespréicher si ganz, ganz schwiereg"

Bei den Tripartitesgespréicher tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften ass am Moment keen Accord a Siicht. Déi Gespréicher wieren am Moment "ganz, ganz schwiereg", seet d'Nora Back, Presidentin vum OGBL virun der zweeter Verhandlungsronn.

auto_stories

1 min

D'Nora Back ass Presidentin vum OGBL

D'Positioune vum Patronat an de Gewerkschafte géifen am Moment "Welten ausernee leien", esou d'Nora Back. Ee wichtege Knackpunkt ass den Index-System, mat deem d'Léin automatesch no uewen ugepasst ginn, wann d'Präisser klammen.

Index als rout Linn fir Gewerkschaften

Déi dräi Gewerkschafte wieren an dëser Tripartitesronn net bereet iwwer den Index ze schwätzen, betount d'Nora Back.

"Mir soen zanter Méint a Méint, datt eppes bei der Kafkraaft vun de Leit muss passéieren. Datt mer an enger déiwer Kris stieche fir d'Kafkraaft vun de Leit. An an der Kris vu Patronatssäit hinzegoen, an ze soen: Lo gi mer d'Kafkraaft vun de Leit nach schwächen, andeems mer un den Index ginn, dat ass fir eis absolutt inakzeptabel."

Wann d'Regierung eppes un deem System wéilt änneren, da géifen d'Verhandlunge scheiteren, do ass d'Nora Back formell.

Dat wier dann der Regierung hir Entscheedung a se misst dann och domat rechnen, "datt d'Gewerkschafte wäerte reagéieren, op déi eng oder aner Manéier".

Den Index wier ee Garant fir de soziale Fridden an ee ganz wichtegt Instrument, ënnersträicht d'Presidentin vum OGBL.

An anere Länner géif et ganz dacks grouss Sozialkonflikter ginn, an dat wéilt een zu Lëtzebuerg verhënneren. "Mir wëllen de soziale Fridden", betount d'Nora Back.