Radioen

On air

Al Schanken  |  Sue Foley - The Lucky Ones Feat. Jimmie Vaughan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Problem gëtt geléist"

USA - Nordkorea

"De Problem gëtt geléist"

An de leschten Deeg sinn d'Spannungen tëscht Nordkorea an den USA stënterlech gewuess. Den Donald Trump wëll den "nordkoreanesche Problem traitéieren", Pyongyang ass prett fir en "totale Krich". Nom Rakéitentest vu leschter Nuecht sinn d'USA souguer bereet mat China ze kooperéieren, fir de Konflikt mat Nordkorea ze léisen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock

"Ech soen Iech eppes, China schafft haart un dësem Thema", sot den Donald Trump am Wäissen Haus. Bei der Visite vu sengem chineseschen Homologe Xi Jinping lescht Woch hätt hien d'Impressioun krut, China géif "haart dru schaffen".

Mä d'USA sinn och vu China ofhängeg, wann de Konflikt mat Nordkorea diplomatesch soll geléist ginn. Washington huet keng diplomatesch Relatioune mat Pyongyang an et gi keng direkt Verhandlungen. China iwwerdeems kéint als Alliéierte vun Nordkorea de Kontakt hierstellen. Wéi dem Donald Trump säin héchste Sécherheetsberoder, de H. R. McMaster um Sonndeg sot, géif et en internationale Konsens ginn, datt d'Situatioun an Nordkorea inakzeptabel wier. D'USA géife mat der chinesescher Regierung zesummeschaffen, fir d'Nordkorea-Kris ze léisen, sot den H.R. McMaster an engem Interview mat ABC.

Militäresch Léisung?

Mä eng militäresch Konfrontatioun ass aus der Vue vun Nordkorea net auszeschléissen. De Regime vum Kim Jong-Un huet d'USA gewarnt, datt si prett wiere mat Atom-Rakéiten ze reagéieren, wa Washington si weider géif provozéieren. Déi Warnung koum een Dag virum Rakéitentest, deen - aus amerikanesch Siicht - kee Succès fir Nordkorea war. Wei d'USA an och Südkorea mellen, wier d'Rakéit direkt nom Depart schonn explodéiert.

En Offiziellen aus dem Wäissen Haus sot, d'Rakéit hätt och näischt mat enger Atomwaff ze dinn. Wéi et heescht, wier d'Reaktioun vun den USA och ganz anescht gewiescht, wann et zu engem Atomtest komm wier, sou den Offiziellen. Just 100 Kilometer virun der Küst vun Nordkorea stinn amerikanesch Krichsschëffer.

E Message u Pyongyang?

Zu Washington gëtt iwwert eng méiglech Konfrontatioun spekuléiert an den Donald Trump wéist gär d'Muecht vun der amerikanescher Arméi. Dat lescht Beispill koum mat der Attack vu leschter Woch an Ost-Afghanistan, wou d'US-Arméi hir gréisste net-nuklear Bomm op en Zil vum sougenannten Islamesche Staat geschoss gouf.

Op dat e Message u Pyongyang war, huet den Donald Trump am Wäissen Haus esou kommentéiert: "Ech weess net, op dat e Message war an et mécht och näischt aus. Nordkorea ass e Problem, an dee Problem wäert och geléist ginn."

Reportage vum Washington-Korrespondent Philip Crowtherplay_arrow