Radioen

On air

Kultur um 5  |  Pilot-Projet "Perspectives" am Stater Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass d'Nordstadfusioun ze deier?

Nordstad

Ass d'Nordstadfusioun ze deier?

D'Nordstadgemengen diskutéieren iwwer d'Fusioun a fuerdere 5.000 Euro pro Awunner un eemoleg Finanzhëllef vum Staat. Den Inneministère ass erstaunt iwwer deen héije Montant. D'Nordstad hätt awer eng regional Roll ze spillen an hätt doduerch méi Depensë fir néideg Infrastrukturen ze schafen, seet d'Spriecherin vum Comité Nordstad a Buergermeeschterin vu Bettenduerf, d'Pascale Hansen.

auto_stories

3 min

Déi 5 Gemengen, Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng, Bettenduerf a Schieren féieren zanter 2019 Gespréicher ëm eng Fusioun fir zesummen d'Nordstad an d'Liewen ze ruffen. Wéi fir all déi aner Gemengefusioune gëtt et d'Méiglechkeet vun enger Finanzhëllef fir déi néideg Infrastrukturen ze schafen.

Zanter 2019 féieren d'Gemengen Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng, Bettenduerf a Schieren Gespréicher iwwer eng Gemengefusioun zur "Nordstad".

Inneministère verwonnert iwwer d'ugefroten Zomm

Si fuerderen elo fir d'Fusioun eng eemoleg Finanzhëllef - wéi bei Gemengefusiounen üblech, fir déi néideg Infrastruktur ze schafen - vu 5.000 Euro pro Awunner.

D'Inneministerin Taina Bofferding huet sech erstaunt gewisen iwwer d'Héicht vun deem Montant. Och wann d'Subventioune kierzlech ëm 10% gehéicht goufen, léich dee gefrote Montant vu 5.000 Euro pro Awunner dach awer largement iwwer deem, wat een normalerweis als Hëllef bezilt, schreift d'Inneministerin an engem Communiqué.

Allerdéngs ass déi Fusioun aussergewéinlech an net ze vergläiche mat der Fusioun vu klenge Majorzgemengen. Nordstad hätt eng regional Roll ze spillen, esou d'Spriecherin a Co-Presidentin vum Comité Nordstad, d'Bettenduerfer Buergermeeschtesch Pascale Hansen. Duerch d'Fusioun géif een déi drëttgréisste Gemeng am Land ginn:

"Wou mir net nëmme kommunal Obligatiounen dono hunn, mee och regional Inzidenze geréiere mussen. Dowéinst si mir der Meenung, datt dee Montant méi ewéi gerechtfäerdegt ass an och net iwwerdriwwen ass."

An enger Reunioun Mëtt Juni géifen d'Gemengeréit d'Detailer iwwer d'finanziell Besoine fir eng Fusioun, diskutéieren. An Tëschenzäit misst sech och den Inneministère zum Dossier äusseren, fuerdert d'Pascale Hansen.

Wuesstem an der Nordstad geplangt

Momentan liewen eng 23.000 Persounen an deene fënnef Gemengen, déi eng dynamesch demografesch Entwécklung kennen, sou datt een dovunner ausgeet datt déi Gemengen 2023 ronn 25.000 Awunner kéinten zielen.

An der Nordstad schaffen iwwerdeems 12.500 Persounen. 43% vun de lokale Beschäftegte schaffen och an de Nordstadgemengen déi, grad ewéi eng Stad Lëtzebuerg oder Esch, deemno och eng regional Roll spillen.

Bei der Reform vun de Gemengefinanze kruten d'Nordstadgemengen awer net de Statut vun engem centre de développement et d'attraction, esou den Ettelbrécker Buergermeeschter an CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf:

"Doduerch verléiere mir all Joer kollektiv zesummen 11 bis 12 Milliounen Euro. Wann mir d'selwecht géifen traitéiert ginn ewéi Esch, da wiere mir bei där Differenz. Mir kruten och vun der Regierung gesot, wann dir bis fusionéiert sidd dann hutt der selbstverständlech déi Suen ze gutt. Meng Lecture vum Aménagement du territoire ass eng aner. Meng Lecture ass déi datt mer elo schonns déi Sue misste kréien, zumindest Dikrech an Ettelbréck. Wa mir dee Retard oprechnen an dann d'Regierung gëtt eis dat iwwer de Wee vun de Fusiounsgelder no, da kréie mir net méi ewéi di aner Fusiounsgemengen."

D'Dikrecher Geriicht, d'Verwaltungen, de Conservatoire, siwe Lycéeë mat 6.200 Schüler, den Härebierg an d'Spideeler bilden een Ensembel un Aktivitéiten, déi anescht ewéi an anere Gemenge spezifesch Infrastrukture brauchen.

Eng Parte Froe sti fir d'Bierger am Raum

Derbäi kommen och gréisser Wunnengsbaupläng, eleng am neie PAG vun der Gemeng Bettenduerf ass genuch Plaz fir d'Populatioun op 6.000 Awunner ze verduebelen. Och d'Cité militaire vun Dikrech entwéckelt sech an de nächste Joren duerch ee Projet vun der SNHBM.

Dee geplangten Zouwuess wier nëmme méiglech wann zum Beispill och nei Grondschoule gebaut ginn, esou de Jean-Paul Schaaf.

All aktuell Gemeng soll eng lokal Schoul behalen, seet d'Pascale Hansen, dëst wier och eng Fro vun Akzeptanz an der Populatioun. Och d'Angscht, datt méi kleng Gemengen u Matsproocherecht kéinte verléieren, misst een ugoen.

D'Bierger solle jo iwwer Referendum no engem eventuellen Accord tëschent de fënnef Gemengeréit iwwer d'Fusiounspläng ofstëmmen.