Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Northern Trust schaaft Basis fir EU-Bank-Geschäfter zu Lëtzebuerg

Finanzplaz

Northern Trust schaaft Basis fir EU-Bank-Geschäfter zu Lëtzebuerg

Den amerikanesche Bank- a Finanz-Service Grupp Northern Trust baut seng Aktivitéiten zu Lëtzebuerg aus. Dat ass eng Bestätegung vu Lëtzebuerg als Plattform fir Finanzgeschäfter an der EU.

auto_stories

2 min

De Group Northern Trust, mat Haaptsëtz zu Chicago, beschäftegt 16.500 Leit weltwäit an iwwer 20 Länner, dorënner och Europa, a Lëtzbuerg. Zanter 2004 ass Northern Trust um Findel a beschäftegt 140 Leit zu Lëtzebuerg.

"Northern Trust wëllt säi Business a Kontinentaleuropa staark ausbauen. A Lëtzebuerg gëtt den Zentrum vun deem Wuesstem", seet d'Teresa Parker, Northern Trust Presidentin fir Europa, Mëttleren Osten an Afrika.

De Facteur Brexit

De Brexit wier wuel eng vun den Ursaachen, firwat Northern Trust eng EU-Bank zu Lëtzebuerg opmécht.

"Mir halen déi d'Situatioun mam Brexit permanent am An. Mä ech gesi Lëtzebuerg an d'Schafe vun enger EU-Bank do haaptsächlech am Kontext vun eisen Efforten, fir an Europa ze wuessen. Brexit ass nëmmen en Deel dovun."

De Choix vu Lëtzebuerg ass och logesch, well Northern Trust schonn hei ass. De Grupp huet dëst Joer och d'Fonge-Verwaltungs-Gehschäft vun der Schwäizer UBS Asset Management zu Lëtzebuerg kaaft, an iwwerhëlt eng 150 Mataarbechter. Northern Trust wäert deemno zu Lëtzebuerg ronn 300 Leit ustellen. Nei Employée komme vläicht an Zukunft nach derbäi

Déi besser Kaarten

Fir Lëtzebuerg ass den Ausbau vun den Northern Trust-Aktivitéiten hei am Land eng gutt Nouvelle, mengt den Tom Theobald, Deputy CEO vun der Promotiouns-Agence Luxembourg for Finance.

"Et ass eng Bestätegung vu Lëtzebuerg als Plattform oder Hub, virun allem an der Europäescher Unioun. An natierlech ass dat duerch de Brexit verstäerkt de Fall."

Bei de Promotiouns-Efforte vun europäesche Finanzplaze fir Aktivitéiten aus Groussbritannien wéinst dem Brexuit unzezéien huet Lëtzebuerg, offiziell, bekanntlech eng méi diskret Positioun geholl.

Am Fall vu Northern Trust hat Lëtzebuerg awer déi besser Kaarten. "Lëtzebuerg ass dacks a Konkurrenz mat Dublin a Frankfurt. An deem hei Fall huet Lëtzebuerg de Match gemaach. Et gëtt do keng eng Plaz déi alles kritt", seet den Tom Theobald. Et géif no den Aktivitéiten opgedeelt ginn, déi déi eenzel Banken an Asset Manager an Europa hätten.


Bäitrag vum Pierre Reyland vum 19. Juli 2017:

Northern Trust zu Lëtzebuergplay_arrow