Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Adams - Come Pick Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nuetsflich um Findel: Problem bleift wuel erhalen

Informatiounsowend

Nuetsflich um Findel: Problem bleift wuel erhalen

"Fir eng besser Nuetsrou um Findel". Esou war en Diskussiounsowend mam gréngen Nohaltegkeetsminister François Bausch iwwerschriwwen. Ronn 60 Leit ware komm, fir vum François Bausch Informatiounen ze kréien - konkret Chifferen, oder och wat seng Pläng sinn, fir de Problem vun den Nuetsflich besser an de Grëff ze kréien, fir Froen ze stellen a Remarken ze maachen oder fir einfach nozelauschteren.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance

Dréint d'Ekonomie, dann dréint och de Fluchhafen. Vun 2016 op 2017 ass d'Zuel vun de Fluchbeweegungen um Findel ëm 8,6 Prozent an d'Luucht gaangen. Datt d'Zuel vun den Nuetsflich dann och klëmmt, ass iergendwéi net ganz onlogesch. A si ass souguer ëm 11,8 Prozent geklomme bannent deem Joer.

An der Moyenne sinn et der sechs den Dag. Dat wier e Kollateralschued, deen een ni ganz verhënnert kréich, seet de Minister Bausch, deen een awer begrenze kéint. An do ass et virun allem eng Stonn, wou een usetze misst: déi éischt vun der Nuecht um Findel - déi vun owes eelef Auer bis Mëtternuecht. Nobäi zwee Drëttel vun alle Nuetsflich - Departen an Arrivéeën zesummegerechent - falen an dee Creneau. Dat kéint net méi esou weidergoen, seet de Minister Bausch. "Ech menge mir si jo och am Gaangen eis Moyenen ze ginn, fir datt mir op deen dote Wee kommen."

Deen ee Moyen ass eng anstänneg Justifikatioun, déi och kontrolléiert soll ginn. D'Airline muss uginn, firwat se d'Nuetsrou net respektéiert huet. An de Grond, dee se nennt, huet Interêt valabel ze sinn.

Eng Tax op Nuetsflich?

Da kéint eng nei Tax ënner Ëmstänn ganz nëtzlech ginn, eng Redevance aéroportuaire, déi 2019 ageféiert gëtt, seet de François Bausch.

An den Nuetsstonne soll ganz staark penaliséiert ginn. Hie kéint sech souguer virstellen, verschidde Facteure bei der Berechnung vun dësen Taxe mat anzerechnen. Ee Fliger-Typ, dee manner Kaméidi mécht, kéint zum Beispill manner bezuele wéi en aneren. Deementspriechend Pläng géif et ginn, seet de François Bausch.

No deenen Implicatiounen am Ufank vun der Versammlung koum et zum Echange mam Sall.

Interesseveräin Polfermillen Hamm begréisst Aktioun vu Minister

Fir unzefänken de President vum Interesseveräin Polvermillen Hamm: "Ech wëll dem Minister mol Merci soen, well mir hunn 30 Joer laang gekämpft fir Donnéeën ze kréien. 30 Joer laang war alles, wat um Fluchhafe geschitt ass, fir eis Tabu."

Firwat Nuetsflich net generell aschränken?

Eng Fra, déi och vun de Nuetsflich betraff ass, huet sech erstaunt gewisen: "Elo, wou an der Nuecht un der Pist geschafft gëtt, ass et op eemol méiglech, datt nuets manner Fligere starten a landen. Firwat geet et elo an net generell?

Hie wéilt keng Airline verdeedegen, mee a sou Momenter misst sech eng Airline komplett ëmorganiséieren. D'Auswäichfluchhäfe Frankfurt-Hahn a Léck géifen een Deel vun de Flich iwwerhuelen.

Eng weider Participante um Informatiounsowend huet sech d'Fro gestallt, wat eigentlech e Retard ass. "Mir hu Fligeren, vun deene mir wëssen, datt se e Retard hate vun zwielef Stonnen, éier se fortgeflu sinn. Da kann een och nach véier Stonnen dohanne waarden, fir datt een hei eben net grad an der Nuecht ukënnt."

François Bausch: Verständnis fir betraffe Leit, mee och fir Airlines

Hie géif d'Perspektiv vu jidderengem verstoen, dee betraff ass, sou de François Bausch, et misst een awer och verstoen, datt Fluchgesellschaften mat reelle Contraintë konfrontéiert wieren. "Ech wëll se net verdeedegen, ech wëll just soen, wéi se sinn. An déi ännere mir och net vun haut op muer zu Lëtzebuerg. Mir kënnen d'Schrauwen zoudréinen an alles maachen, mee ech soen Iech: Et bleiwe sécher nach Situatiounen, wou net duerch d'Schold vun der Airline muss nuets gelant ginn. Ob dat elo aus China ass, oder vu wou och ëmmer."

Problem bleift wuel weider bestoen

Mee trotz allen Efforte wäert d'Diskussioun iwwer d'Nuetsflich um Findel erhale bleiwen, sou wéi se all Fluchhafen op der Welt erhale bleift - op jidde Fall esou laang, wéi Fligere Kaméidi maachen a Leit an der Noperschaft liewen.