Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och an Zukunft: Verspéidungen, Ausfäll a frustréiert Passagéier

CFL

Och an Zukunft: Verspéidungen, Ausfäll a frustréiert Passagéier

"E groussen Deel vun den Investitiounen an de Schinnereseau steet nach virun eis", seet de Marc Hoffmann, Direkter bei der CFL, zoustänneg fir de Beräich Passagéier. Et hätt een d'Capacitéitsgrenz erreecht, de Reseau wär aktuell iwwerlaascht, an dat géing nach eng Zäit esou bleiwen.

auto_stories

3 min

An zéng Joer ass d'Passagéierzuel bei der Bunn vu 14 Milliounen op 23 Millioune Passagéier gewuess, de Reseau wär gréisstendeels awer dee selwechte wéi virun 20 Joer. Tëscht 2013 an 2023 ginn 3,8 Milliarden Euro an de Reseau investéiert. Bis d'Ausbauaarbechte vum Schinnereseau ofgeschloss sinn, ass mat Problemer ze rechnen. Eng éischt Verbesserung wäert et ginn, wann op der Stater Gare deen éischte vun zwee neie Quaien d'nächst Joer a Betrib geet, esou de Marc Hoffmann.

Wou kommen d'Retarden hier?

  • Technesch Problemer un den Infrastrukturen an Zich
  • Lëtzebuerg huet en oppene Reseau mat dräi Landesgrenzen. Problemer am Ausland hu Repercussiounen op den nationale Schinnentrafic.
  • Zu Lëtzebuerg ginn et nach vill Zuchbarrièren. Op d'mannst ee mol pro Dag géing et mat enger Barrière e Problem ginn, well se beschiedegt gouf

Duerch d'Iwwerlaaschtung planzt sech e Retard séier op de ganze Reseau weider fort, an et entsti Retarden, erkläert de CFL Direkter.

Sechs grouss Linnen duerch d'Land lafe stärefërmeg op d'Gare Lëtzebuerg. Déi sechs Linne mussen sech véier Quaien op der Gare Lëtzebuerg deelen. Dofir gëtt d'Gare ëmgebaut, et kommen zwee Quaien dobäi. Ee vun deene Quaie soll 2019 operationell sinn. Am Joer 2024 sollen d'Aarbechten op der Stater d'Gare ofgeschloss sinn.

Pünktlechkeet

Am neien Horaire vun den Zich ass op de Strécke méi Zäit ageplangt wéi an der Vergaangenheet. En Zuch gëllt als pünktlech, wann e mat maximal fënnef Minutte Verspéidung op senger Destinatioun ukënnt, seet de Marc Hoffmann. Et wär en Zil, fir zouverlässeg Horairen ze hunn. "Doduerch datt op verschiddene Strécken Arrête bäi komm sinn, an datt och méi Leit op den Arrêten eran an eraus klammen, dauert et méi laang fir vun A no B ze kommen", esou de CFL Direkter, zoustänneg fir de Volet Passagéier.

"Et ass de Constat, datt net genuch Reserven am Fuerplang dra sinn, dofir muss ee sech d'Reservë schafen."

Reserven am Fuerplang

Vill Kritik gëtt et vu Zuchpassagéier aus dem Osten. Däitsch Medie schwätze vun enger Katastroph. Beispill Mënsbech, wou vill däitsch Frontaliere schaffen. Um fënnef Auer fiert nach een Zuch d'Stonn fir Richtung Tréier. Virum 10. Dezember waren et zwee Zich d'Stonn. Grad Mënsbech wär e Beispill dofir, wou Zich ewech gefall sinn, fir Reserven am Gesamtreseau ze schafen, seet de Marc Hoffmann. Et hätt een d'Zuele gekuckt a festgestallt, datt net esou vill Leit zu Mënsbech eran an eraus klammen. Den CFL-Direkter preziséiert, datt mam Ausbau vun der Oststreck an Zukunft d'Situatioun op där Linn verbessert gëtt. Hie confirméiert dernieft, datt zënter den neien Horairen op der Gare Wecker 40 Zich den Dag ewech falen.

Eng besser Kommunikatioun

D'Kommunikatioun mat de Passagéier am Fall vu Verspéidungen an Ausfäll, soll am Laf vum Joer besser ginn. Dëst Joer wäert d'Zuchbegleetpersonal och mat Tabletten equipéiert ginn, fir am Zuch d'Clienten iwwert Horairen, Verspéidungen an eventuell Ausfäll kënnen z'informéieren. Fir d'Informatiounen op de Quaie wär e Pilotprojet am Süden ugelaf, wou automatiséiert Annoncen an Affichagen installéiert goufen. 2019 soll dee System um ganze Reseau fonctionnéieren.