Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Durand Jones & The Indications - Witchoo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och zu Lëtzebuerg ginn et vill Fäll vu Bronchiolite

Respiratoresche Synzytial-Virus

Och zu Lëtzebuerg ginn et vill Fäll vu Bronchiolite

Den Ament géifen nees aussergewéinlech vill kleng Patiente mat enger Bronchiolite an der Kannerklinik behandelt ginn, seet d'CHL-Kannerdoktesch Isabel de la Fuente. Haaptausléiser heivir ass de sougenannte "Respiratoresche Synzytial-Virus", deen den Ament a ganz Europa d'Better an de Kannerklinicke fëllt. Eng nei präventiv Behandlung géint den RSV-Virus suergt awer fir Hoffnung.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'EU-Kommissioun gëtt gréng Luucht fir den Antikierper-Traitement "Nirsevimab". Dat hunn AstraZeneca a Sanofi, déi d'Medikament entwéckelt hunn, d'lescht Woch matgedeelt.

Waarden op Traitement an Impfung

D'Isabel de la Fuente, Kannerdoktesch am CHL, weist sech erliichtert iwwer den Accord.

Studien hätten eng gutt Effikassitéit a gutt Sécherheet vun dësem Traitement gewisen, an dofir wier e vun der EMA an der Europäescher Kommissioun zougelooss ginn, erkläert d'Kannerdoktesch. Et géif een hoffen, datt den Traitement d'nächst Joer kommerzialiséiert gëtt, fir datt en dee Moment kéint zum Asaz kommen.

Bis dohinner kéint och een éischte Vaccin géint den RS-Virus op de Marché kommen. Aktuell géifen et zwou Impfunge ginn, déi an enger drëtter Phase wieren, erkläert d'Isabel de la Fuente. Dës kéinten eventuell an den nächste Méint approuvéiert ginn. An deem Fall wier dëst interessant fir d'Pediatrie, well een d'Impfung wärend der Schwangerschaft kéint ginn.

Virus verbreet sech séier

Bronchiolitten-Epidemië wieren näischt Neies, seet d'Kannerdoktesch: all Joer géifen 100 bis 200 RSV-Patiente mat enger Bronchiolite an der Kannerklinik behandelt ginn.

Suerge mécht hir allerdéngs, datt de Virus sech elo scho sou séier verbreet huet: d'Hospitalisatiounen hätte sech Mëtt Oktober vun enger Woch op déi aner verduebelt. Esou wieren haut um Donneschdeg 22 Kanner mam Virus hospitaliséiert ginn:

"[...] dont deux qui sont aux soins intensifs, et 17 qui sont dans le service pédiatrie mais qui nécessitent du soutien respiratoire, soit de l'oxygène, soit même un autre type de soutien respiratoire, avec une machine où on met un peu de pression d'humidité ou l'oxygène pour les aider à respirer."

Den Hospitalisatiouns-Taux zu Lëtzebuerg bei Bronchiolitte-Patiente läit aktuell bei zwee bis dräi Prozent. Komplikatiounen triede virun allem bei Puppelcher ënner sechs Méint a bei jonke Risikopatienten op.