Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Offer an Demande

Bibliothéiken

Offer an Demande

Zanter der Ouverture vun der neier Nationalbibliothéik ass d'Zuel vun de Visiteure staark geklommen. D'Demande fir esou eng ëffentlech Infrastruktur wier grouss, betount d'BNL-Direktesch Monique Kieffer.

auto_stories

4 min

Monique Kieffer

Zanter der Ouverture vun der neier Nationalbibliothéik um Kierchbierg ass d'Zuel vun de Visiteure staark geklommen, vu ronn 300 bis 400 Leit den Dag op ronn 1.000 Leit den Dag. Dat géif weisen, datt eng grouss Demande fir esou eng ëffentlech Infrastruktur besteet, mengt d'BNL-Direktesch Monique Kieffer.

Den Investissement an en attraktiivt neit Gebai géif sech also lounen. Dat hätt si de Politiker ëmmer nees gesot, an dat hätten och d'Erfarungen am Ausland ëmmer nees gewisen. Dat hätt awer näischt dru geännert, datt et immens laang gedauert huet bis d'BNL en neit Gebai krut.

Gemengebibliothéiken an der Flicht

Och an de Gemenge géif et nach Besoin ginn, fir d'Offer auszebauen. Zu Ettelbréck wier dat elo envisagéiert. D'Monique Kieffer hofft, datt d'Erfarunge mam neie Gebai vun der BNL hëllefen, fir Buergermeeschteren ze iwwerzeegen, datt et derwäert ass an esou eppes ze investéieren:

"Desto méi eng Gemengebibliothéik och eng sozial Funktioun huet. Zu Esch wier et zum Beispill wichteg, datt een eng Bibliothéik hätt, déi matten am Zentrum ass. Si hunn eng exzellent Bibliothéik, déi och gutt geféiert ass. Mee si ass an engem biergerleche Quartier e bëssen am Abseits. Mee d'Bibliothéik misst bei de Leit sinn a misst och dozou bäidroen, datt jonk Leit, déi vläicht vun doheem net esou gepusht gi fir Weiderbildung, fir Liesen, datt déi och aner Saache kéinten entdecken."

Och fir Kannerbibliothéike géif et eng grouss Demande ginn, déi net vun der BNL kéint erfëllt ginn, mee wou d'Gemengen hir Responsabilitéit missten iwwerhuelen, esou d'Monique Kieffer.

"Potential vum neie Gebai notzen"

D'Monique Kieffer geet d'nächst Joer a Pensioun. De Poste fir en neien Direkter oder eng nei Direktesch ass schonn ausgeschriwwen. An der Annonce stoung, datt den Direkter responsabel wier fir d'Potential vum neie Gebai ze notzen. D'Zil wier, fir ee méi breede Publikum unzeschwätzen an den "interkulturellen Dialog" ze favoriséieren.

Wann ee mat méi diversen Aktivitéite méi Leit wéilt uschwätzen, da bréicht een och méi Personal, esou de Plaidoyer vun der Monique Kieffer.

"Gutt Aktivitéiten organiséieren, dat ass zäitopwändeg, zemools wann een och ee gewëssen Niveau vu Prestatioun wëllt ubidden. Mir schaffen zum Beispill och mat ONGen zesummen, mir ginn dacks sollicitéiert fir eis Raimlechkeeten zur Verfügung ze stellen. Mir versichen och Formatiounen unzebidde fir jonk Leit, net nëmmen aus Lëtzebuerger Schoulen, mee och aus der Europaschoul. Fir d'Zukunft ass do nach munches ze maachen. Mee ouni weidert Personal ass dat net dran."

Vum Budget hier hätt den nächsten Direkter genuch Sputt fir an déi Richtung ze schaffen, mengt d'Monique Kieffer. De Budget vun der Nationalbibliothéik soll vun elo 15 Milliounen Euro op 20 Milliounen Euro am Joer 2023 klammen. Dat hätt awer virop domadder ze dinn, datt de Fonctionnement vun deem neie Gebai méi kascht, an datt verstäerkt an d'Digitalisatioun investéiert soll ginn.

Eng oppe Bibliothéik

D'Nationalbibliothéik wier fir jiddwereen do, also och fir méi marginaliséiert Bevëlkerungsgruppen. Dat géif och heiansdo fir Konflikter suergen, well Leit sech beschwéieren, datt manner soignéiert Persounen d'Bibliothéik notzen:

"Mee mir waren ëmmer der Meenung, datt déi och hir Plaz bei eis hätten. An där neier Bibliothéik kommen déi Leit och nach ëmmer. Mir hunn do eng Rei Stammclienten, et kommen der och nach anerer. Déi verdeele sech elo méi an der Bibliothéik, dowéinst ass déi Kritik elo vum Dësch. Et soll een och keng Prejugéen hunn. Et si ganz vill Leit, déi vläicht marginaliséiert sinn, mee déi eng gewësse Bildung hunn, déi och ee Bildungsbedierfnes hunn."

Géintiwwer de Flüchtlingen hätt d'BNL hir "Politik liberaliséiert", fir datt jiddwereen "ouni laang Diskussiounen a Prozeduren" eng Lieserkaart ka kréien. Elo brauch een notamment kee Certificat de Residence méi.

Zur Persoun

D'Monique Kieffer huet zu Paräis Geschicht a Politikwëssenschafte studéiert. Hir Dokteraarbecht huet si iwwer d'Aarbechtsrecht a Frankräich geschriwwen. Een Thema, dat si och schonn an hirer Maîtrise ugeschnidden hat, wou si d'Diskussiounen iwwer d'Nuetsaarbecht vu Fraen analyséiert huet.

Datt si sech an hirer Recherche fir sozial Themen interesséiert huet, hätt och eppes mat hire politeschen Iwwerzeegungen ze dinn, esou d'Monique Kieffer. Als Studentin hätt si mam Eurokommunismus "geliebäugelt". An och wann d'Welt sech géif veränneren, da wier si am Réckbléck der Meenung, "datt mir deemools net sou onrecht haten":

"Déi Leit, déi total op de Liberalismus gesat hunn, hu sech éischter geiert. Well dee ganz pousséierte Liberalismus, deen déi lescht 20 Joer oder méi praktizéiert ginn ass, ass d'Ursaach vu ville Problemer, déi mer haut an der Gesellschaft hunn."

D'Monique Kieffer huet no hirem Studium am Lycée enseignéiert. Spéider huet si um Centre Universitaire geschafft an och beim europäesche Fuerschungszentrum Robert Schuman. 1999 ass si Interimsdirektesch vun der BNL ginn, zanter 2001 ass si Direktesch. Nächst Joer am Juli geet si a Pensioun. Wéi eng Pläng si fir d'Zäit duerno hätt, wéisst si nach net, esou d'Monique Kieffer.