Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Offer entwéckelen a Clientë cibléieren"

Hotellerie

"Offer entwéckelen a Clientë cibléieren"

De Staat kéint an Zukunft Hotelgebaier, déi zum Beispill virun der Fermeture stinn, op strategesche Plazen iwwerhuelen, renovéieren, a si ënner gewësse Konditiounen engem Bedreiwer erëm zur Verfügung stellen.

auto_stories

4 min

De Generalsekretär vun der HORESCA, François Koepp. Foto: Archiv.

Dës Iwwerleeung huet d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère viru ronn zwou Wochen an der Chamber lancéiert. Dacks, esou d'Francine Closener, wier et den initialen Invest an d'Infrastruktur, an d'Gebai an an den Terrain, dee vill Leit sech net leeschte kéinten. "Ech plädéieren op jiddwerfalls dofir, datt de Staat sech et sollt ukucken, fir eenzel Etablissementer ze iwwerhuelen, déi entweder schonn zou sinn oder virun der Fermeture stinn." Et géif drëm goen se an d'Rei ze setzen an dann, ënner bestëmmte Konditiounen, engem Exploitant zur Verfügung ze stellen, esou d'Francine Closener.

Developpementsplang an Zesummenaarbecht mam Terrain

Eng gutt Iddi, mengt d'Federatioun vun den Hotelieren, Restauranten a Caféen zu Lëtzebuerg. Allerdéngs plädéiert d'Horesca fir esou Investissementer am Kader vun engem Tourismus-Konzept ze maachen. Esou staatlech Investissementer an Hoteller missten am Kader vun engem Developpementsplang vun enger Regioun - oder vun engem Deel vun enger Regioun - realiséiert ginn, mengt de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca. Dëst awer am Aklang an an Zesummenaarbecht mat deem, wat eventuell nach besteet:

"Ech ka mir gutt virstellen, datt wann ech an enger Regioun sinn, wou e puer Hoteller sinn, an do ass op eng Kéier een Hotel, deen hält op. An da gi mir dee mat ëffentleche Gelder an d'Rei setzen - da géif dat jo ganz gutt gemaach ginn, wouriwwer mir och ganz frou sinn - da kéint dat och ganz gären zu enger Situatioun féiere vun enger concurrence déloyale.

D'Federatioun vun den Hotelieren, Restaurant a Café Bedreiwer zu Lëtzebuerg plädéiert dofir, fir ee sougenannte Konzeptentwéckler ze schafen. Ënner anerem fir eng touristesch Offer ze entwéckelen, déi dann hirersäits un d'Clienten ugepasst géif ginn. Et misst ee sech Gedanke maachen, datt een déi Clientèle cibléiert, déi ee géif brauchen, an datt een awer och kéint rentabel bleiwen, seet de François Koepp.

"Mir brauche Qualitéitstourismus"

Kleng Betriber wieren nämlech zum Deel net méi rentabel, mengt de Generalsekretär vun der Horesca. D'Rentabilitéit am Hebergement an an der Restauratioun wier tëscht 2008 an 2015 ëm méi wéi fënnef Prozent erofgaangen. D'lescht Joer hätt se bei ronn aacht Prozent geleeën.

E Plang fir den Tourismus ze entwéckele wier awer net just wichteg fir méiglecherweis Hoteller ze iwwerhuelen, déi virun der Fermeture stinn. Mee och fir deenen, déi wéilte weidermaachen, eng Geleeënheet ze ginn, mat ze maachen. Et bräicht een e Qualitéitstourismus, mengt de François Koepp. "Dat ass déi eenzeg Chance, déi mir hunn. Datt mir Leit unzéien, déi sech eis Servicer leeschten a bezuele kënnen. A wou d'Betriber um Schluss eppes verdénge kënnen, fir sech kënnen ze moderniséieren."

Net all Hotel ka gerett ginn

Et kéint ee senger Meenung no awer och net all Hotel, dee virun der Fermeture steet, ënner d'Äerm gräifen. Et misst een och kënnen agesinn, datt et a verschiddene Fäll kee Sënn géif maachen. An "ech menge sou einfach gëtt et dat net. Et gëtt et och net zum Null-Tarif, dat Ganzt, dat ass ganz kloer. Mee et wier awer un der Zäit, datt mir eis géife Gedanke maachen, wéi een déi eng oder aner Offer komplettéieren an ausbaue kann."

Et géif keen Duerchschnëttswäert ginn, wat een an een Hotel, deen zum Beispill virun der Fermeture steet, investéiere misst, mengt de François Koepp. Mee wann ee beispillsweis en Hotel am véier Stäre Beräich géif opbauen, da wier ee senger Meenung no bei ronn140.000 Euro pro Zëmmer. "Do sinn dann déi aner Infrastrukture mat ugeduecht a mat ageduecht." Bei 50 Zëmmer wier ee ganz séier bei sechs oder siwe Milliounen Euro, esou de Generalsekretär vun der Horesca.

Wéi héich déi staatlech Hëllef fir punktuell Hoteller z'iwwerhuelen an ze moderniséiere kéint ausfalen, ass den Ament nach net gewosst. Am Ganze gesäit de fënnef Joresplang bis 2022 fir d'touristesch Infrastrukturen eng Gesamtenveloppe vu 60 Milliounen Euro vir.