Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassungsreform: LSAP an CSV komme sech méi no

Nei Verfassung

Verfassungsreform: LSAP an CSV komme sech méi no

D'CSV an d'LSAP kéinte sech virstelle fir de Syvicol zu enger Chambre professionelle ëmzewandelen, fir och an Zukunft ze garantéieren datt d'Gemengen e Matsproochrecht behalen, wann de Cumul vu politesche Mandater géif ofgeschaaft ginn. D'CSV wier bereed "dee Wee matzegoen", seet de Claude Wiseler. Dëse Punkt sollt an den nächste Méint seriö diskutéiert ginn.

auto_stories

2 min

Bei der Aféierung vun engem neie Wahlsystem, soll e groussen Deel vu geographescher Representativitéit erhale bleiwen, seet den CSV-Deputéierten a fréiere Fraktiounschef Claude Wiseler. Fir d'CSV wier et wichteg, datt d'Gefill, datt an der Chamber Leit sëtzen déi ee representéieren an déi d'Suergen aus der Géigend an der Chamber thematiséieren, erhale bleift. "Dat erreeche mer, andeems mer eng geographesch Repartitioun hunn", sou de Claude Wiseler.

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry bedauert, datt et wéinst der CSV-Positioun zur Fro vum Wahlbezierk, ganz schwiereg wäert gi fir eng Zwee-Drëttel-Majoritéit dofir ze kréien, datt et nëmmen nach e Wahlbezierk bei de Chamberwahle géif ginn. E Kompromëss kéint e "Mësch-System" sinn, mam Bäibehale vun enger gewësser Regionaliséierung a Kombinatioun mat nationale Kandidate-Lëschten.

Divergenzen op dem Punkt vun der Reduzéierung vum Wahlrechtsalter

Déi aktuell Klimaschutz-Protester weisen, datt eng ganz Partie Mannerjäreger sech politesch engagéieren. Dat wier awer keen Argument dofir fir de Wahl-Alter an Zukunft ze reduzéieren, sou de Claude Wiseler. De fréieren CSV-Fraktiounschef hëlt Referenz op de Referendum vun 2015, d'Populatioun hätt deemools kloer gewisen, datt si dat net wéilt.

"Mir sollte bei den 18 Joer bleiwen, dat ass wat d'Leit eis gesot hunn. An déi Argumenter, déi mer sengerzäit gebraucht hunn am Referendum fir dat bäizebehale sinn och elo nach ëmmer gülteg. Wat mech interesséiert, dat ass datt jonk Leit sech politesch manifestéieren, sech politesch interesséieren, hir Meenung soen, zum Ausdrock bréngen."

Am Koalitiounsaccord steet, datt déi politesch Formatioun vun deene Jonke soll verbessert an ausgebaut ginn. Ob d'Fro, ob dat duergeet, oder ob een de Jonke vu 16 Joer un, soll d'Wahlrecht ginn, äntwert den Alex Bodry, datt een de Jonke vu 16 bis 18 Joer bei Gemengerotswahle fakultativ dat aktiivt Wahlrecht sollt ginn.

"Mir haten e Referendum, mee dat war e Verfassungsreferendum. An déi Fro vum Wahlrecht bei Gemengerotswahlen ass keng Verfassungsfro, dat ass eng Fro, déi vum Wahlgesetz ka gereegelt ginn."