arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofwaasser: Konzentratioun vum Virus huet sech stabiliséiert

LIST-Analys

|
reading time

1 min

Ofwaasser: Konzentratioun vum Virus huet sech stabiliséiert

D'Konzentratioun vum neiaartege Coronavirus am Ofwaasser huet sech stabiliséiert. Dat geet aus den Analysen ervir, déi de Fuerschungsinstitut LIST vum Waasser an de Kläranlage mécht.

reading time

1 min

play_arrow De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschteren

D'Etüd CoronaStep erlaabt et d'Entwécklung vun der Pandemie hei am Land z'observéieren. D'Réckstänn vum Virus, déi een am Ofwaasser konnt detektéieren, sinn elo um Niveau, vu Mëtt Abrëll erkläert den Henry-Michel Cauchie vum LIST. Op d'Konzentratioun vum Virus wärt erof goen kéint de LIST un Hand vun neien Echantillonen Enn der Woch soen. D'nächst Woch wëllt de LIST probéiert eng Relatioun tëschent de méi präzise geographeschen Donnéeë vum Ministère an den Echantillonen aus dem Ofwasser hirzestellen, esou nach de Henry-Michel Cauchie.