Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Autumn Sweater - Water Your Plants

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL: D'Regierung wéilt Walkaddoe verdeelen

Upassunge bei de Steieren

OGBL: D'Regierung wéilt Walkaddoe verdeelen

Direkt mat dräi Neiegkeeten ass den OGBL kuerz virun der Reunioun vu sengem Nationalkommitee konfrontéiert ginn: Enger Indextranche, enger Steierbaisse an enger CSV-Spëtzekandidatur. Déi dräi Nouvellë bloufen an der Suite vun der Komiteessitzung dann och net onkommentéiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Budgetsdefizit, deen 2022 ronn 500 Milliounen manner grouss ass wéi erwaart, géif dat confirméieren, wat den OGBL ëmmer gesot hätt: De Steiersystem ass net gerecht a belaascht d'Leit onnéideg.

"Wat hei proposéiert gëtt ass jo e Walcadeau. Et ass näischt Definitives, et gëtt gesot 'mir maachen e Provisorium wou mer wëlle bis zu 500 Milliounen ausginn, fir Steiererliichterungen ze maachen. Mee wat sinn déi Steiererliichterungen dann? Mee dat ass jo näischt anescht wéi dat wat d'Leit iwwer Steiererhéijungen, déi se kannt hunn an dëser Mandatur, ze vill bezuelt hunn."

Amplaz Steierkaddoen ze maache sollt d'Regierung strukturell agräifen an endlech de Barème un d'Inflatioun upassen, sou nach d'Nora Back.

Op den éischte Februar gëtt eng Indextranche fälleg, eng gutt Noriicht, sou d'OGBL Präsidentin Nora Back. Déi wier awer eenzeg dem OGBL ze verdanken, deen am Mäerz "nee" zum éischten Accord gesot hat a bei der zweeter Tripartitesronn am September seng Fuerderungen hätt kënnen duerchsetzen.

"An ouni d'Oppositioun vun de Militantinnen a Militante vum OGBL op der Strooss wier et net zu dem Accord am September komm, dat wësse mer alleguerten. An dann hätte mer haut di Tranche vum Februar net."

Kee Kommentar iwwer de méiglechen CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden

Eng Walrecommandatioun wéi 2013 wëll den OGBL momentan nach net maachen, och wa mam Luc Frieden de fréiere Finanzminister nees géif kandidéieren, dee sech beim OGBL keng Frënn gemaach hat.

Et hätt een elo laang Joren net vill iwwer dem Luc Frieden seng Positioinnementer héieren, sou datt een als OGBL elo mol géif ofwaarden a sech de Walprogramm vun der CSV géif ënnert d'Lupp huelen. "Eppes anescht kënne mer jo lo net maachen. Mier maache jo lo keng Kommentaren iwwer Persounen."

Den OGBL-Wonschkandidat sollt allefalls bereet sinn eng sozial gerecht Steierreform unzekierpe souwéi d'Aarbechtszäiten unzegoen. Hei sollte sech d'Parteie kloer positionéieren.